Op de Punkt gewierztKurkuma – déi gëlle Kraaft aus der Natur

Michèle Schons
Seng intensiv giel Faarf fält direkt op. Bal wéi Sonneliicht um Teller. Mee hannert där Faarf stécht vill méi: eng Traditioun, déi dausende vu Joren al ass.
© Pixabay

Kurkuma – déi gëlle Kraaft aus der Natur

Wat de Kurkuma esou besonnesch mécht, ass säin Haaptbestanddeel: Curcumin. E Stoff, deen dacks mat antioxidativen Eegenschafte verbonnen ass. De Spëtzekach Pit Wanderscheid erkläert:

Jo, en ass effektiv immens gesond an enzündungshemmend. Et soll ee jo all Dag e bësse Kurkuma zou sech huelen, oder Kurkuma-Kure maachen. Dann ass et natierlech gutt géint chronesch Entzündungen, et reegt d'Verdauung un a ganz ganz wichteg en ass antioxidativ. Et ass allgemeng e Superfood, en Alleskënner, dee mer ganz gären a méi sollten an eisen Alldag abannen, unhand vu Kapselen, mee natierlech ass e frësch och ëmmer ganz gutt.

Schonn an Asien gouf Kurkuma fréi benotzt – net nëmmen an der Kichen, mee och an der traditioneller Medezin an esouguer bei reliéise Ritualer. Haut huet et de Wee an eis Kiche fonnt an ass méi populär wéi jee.

De Kurkuma kënnt aus der Famill vun den Ingwergewierzer, et ass also eng Knoll déi am Buedem wiisst a mir kennen se ënner zwou verschiddenen Zorten, meeschtens am Pudder, et gëtt se awer och frësch. Da gesäit se effektiv aus wéi eng Ingwerwuerzel, e bësse méi kleng, huet e ganz grelle gielen, orange Stach bannendran, baussen huet en déi typesch brong Faarf, wéi een dat och beim Ingwer kennt. Am Pudder ass en natierlech wesentlech méi konzentréiert a méi batter, dofir ass en an der frëscher Wuerzel méi subtil.

Awer och geschmaachlech huet Kurkuma vill ze bidden. Waarm. Liicht batter. E bëssen äerdeg. En Aroma, deen direkt Déift an e Plat bréngt. Et ass ee vun den Haaptbestanddeeler vu Curryen, mee et kann nach vill méi. Eng Prise an enger Zopp. Am Reis. Am Geméis. Oder souguer an engem Gedrénks, wéi der sougenannter „Golden Milk“.

Et ass virun allem déi gëlle Mëllech, déi esou bekannt ass, an deem Fall gëtt Mëllech mat Kurkuma, Kanéil an e bëssen Ingwer gemëscht. De Curcumin deen do dran ass, ass fettléislech an dat soll ee mat engem fetthaltege Gedrénks einfach mëschen, zum Beispill Jugurt oder Mëllech. De Curcumin gëtt awer ëm 20% besser opgeholl, wann e mat Pepperin verbonne gëtt. Dofir ass och am Currypolver wat een esou kennt, Kurkuma ee vun den Haaptbestanddeeler.

Kurkuma ass domat vill méi wéi e Gewierz am Regal. Et ass eng Bréck tëscht Vergaangenheet an Haut. Tëscht Traditioun a modernen Liewensstil. Eng kleng Prise also, déi net nëmmen Faarf, mee och Geschicht op eisen Teller bréngt.

Pit Cooks The World

Back to Top
CIM LOGO