
D'Hannah Ida huet eis dës Woch en Abléck an hir nei EP Galaxies ginn. D'Musekerin aus Lëtzebuerg, déi zu Wien studéiert a schafft, huet scho Bühnenerfarung op Festivaller ewéi Food for Your Senses, Popfest Wien, an der Rockhal oder Neimënster gesammelt a war esouguer schonn als Virband vu Kënschtler wéi Agnes Obel a José González ënnerwee.

Am Gespréich huet si erzielt, wéi si mat Hëllef vu Gittar, Omnichord a Retro-Synthesizer hir ganz perséinlech Klangwelte schaaft an dobäi Geschichten iwwer d'Natur, d'Gesellschaft an hir eege Gefiller erzielt.
„Vill Léift an Trallala“ - sou heescht de neien Album vum d'Nikki Ninja a Wibbeldidubs.

Déi nei Produktioun, déi zesumme mam Museker Pol Belardi entstanen ass, geet wäit iwwer klassesch Kannerlidder eraus a behandelt Themen ewéi Selbstvertrauen, Kannerrechter, Konfliktreegelung oder den Ëmgang mam Echec. Entstanen ass de Projet iwwregens aus engem Theaterstéck, dat 2022 zesumme mam Dan Tanson realiséiert gouf.
Den Elvis Smailovic huet de bosnescher Nationalekipp eng WM-Hymnen offréiert. D'Zil vum Projet war et, de bosnesche Spiller méi Visibilitéit ze ginn an d'Fans op d'WM anzestëmmen.

Den Erfolleg huet hien dobäi selwer iwwerrascht: Bannent nëmme véier Wochen huet de Video Honnertdausende Vuen op YouTube a Facebook. Mat him hu mir iwwer d'Entstoe vun dëser "Schnapsiddie", déi international Reaktiounen an d'Méiglechkeete vun der Kënschtlecher Intelligenz an der Musek geschwat.
Och den Timo Romeo war dës Woch am Studio. Hie produzéiert ënnert dem Numm T. R. an huet elo säi Lidd "Red Roses" erausbruecht.
Alleguerten d'Lidder aus der Sendung kënnt dir hei nach emol lauschteren: