Welt Otem DagMir ootmen all Dag - mee meeschtens net richteg

Michèle Schons
Hutt dir haut schonn eng Kéier richteg déif ageotemt? Net einfach esou niewebäi - mee wierklech bewosst? Haut ass de Welt-Otem-Dag. An deen erënnert eis un eppes, wat esou selbstverständlech ass, datt mir et bal vergiessen: eisen Otem.
© pixabay

Mir ootmen all Dag - mee meeschtens net richteg

Vill Leit ootmen am Alldag éischter onbewosst - dacks ze séier oder ze flaach. Dobäi kann een eleng duerch bewosst Ootme scho vill veränneren. Am beschten duerch d’Nues. Well genee dat mécht en Ënnerscheed: Nuesootmung ass vill méi gesond, wéi de Breathwork-Teacher Benedict Beaumont eis erkläert:

You are right, breathing through our nose is the most optimal way for everyday breathing. And that is because there’s so much equipment in our nose that helps filter the air, that helps cleanse the air, that helps humidify, get the air to the right temperature and also to sterilize the air. When we breathe through the mouth, none of that happens. So the air entering into our lungs, where this amazing reaction of oxygen coming into our body and carbondioxide floating out, isn’t really as efficient. Plus all those pathogens that are in the air, all those impurities come much more likely to get into our bloodstream.

Du hues Recht: duerch d’Nues ze ootmen ass am Alldag déi bescht Méiglechkeet. Dat läit dorun, datt an eiser Nues vill Mechanismen sinn, déi d’Loft filteren, botzen, befiichten an op déi richteg Temperatur bréngen an och Keimer reduzéieren. Wa mir duerch de Mond ootmen, fält dat alles ewech. D’Loft, déi an eis Longen kënnt, gëtt also manner optimal veraarbecht, och den Austausch vu Sauerstoff an Kuelendioxid funktionéiert net esou effizient. Zousätzlech hunn Dreckspartikelen a Keimer vill méi einfach Zougang an eis Bluttzirkulatioun.

Richtegt ootmen ass awer net nëmmen eppes fir Yoga oder Entspanung - et kann och ganz konkret am Alldag hëllefen. Zum Beispill bei Stress, virun engem wichtege Rendez-vous oder einfach, fir sech kuerz ze sammelen. Wéi staark den Otem op eise Kierper wierkt, gëtt dacks ënnerschat.

Breathing is the very first thing we do, when we come into this world. And it is the very last thing. And it’s something most of us take for granted. We think - I can breathe and that’s it. But actually, there’s so much we can do with our breath. We can improve our physical health on wellbeing, we can improve our emotional balance and resilience, and we can even open the doorway to so much internal exploration, from spiritual awakening to deeper understanding of our own human nature. We all know how to breathe, but we can all breathe better.

Ootmen ass dat éischt, wat mir maachen, wa mir op d’Welt kommen - an dat lescht. An awer huele vill vun eis dat als selbstverständlech. Mir mengen: ech ootmen, also passt dat. Mee a Wierklechkeet stécht vill méi dohannert. Mat eisem Otem kënne mir eis kierperlech Gesondheet an eist Wuelbefannen verbesseren, eis emotional Balance stäerken an och méi Rou a Stabilitéit fannen. Et kann eis souguer hëllefen, eis selwer besser ze verstoen. Mir kënnen all ootmen - mee mir kënnen nach besser ootmen.

Mee dat Schéint ass: mir kënnen dat zu all Moment änneren. Mat engem eenzege bewossten Otemzuch kënne mir eis selwer e klengt Signal ginn: Et ass alles an der Rei. Du kanns lues maachen. An heiansdo brauch et net méi wéi dat, fir erëm e bëssen an d’Balance ze kommen.

Zum Schluss eng kleng Übung, déi dir elo direkt matmaache kënnt – egal ob doheem oder op der Aarbecht:

Setzt iech bequeem hin.
Maacht d’Aen zou, wann dir wëllt.

Otemt duerch d’Nues an…
zielt dobäi bis 4.

Halt den Ootem kuerz un…
an otemt dann lues duerch de Mond aus,
a zielt dobäi bis 6.

Nach eng Kéier:
An… 2… 3… 4…
Halen…
An aus… 2… 3… 4… 5… 6…

Widderhëlt dat e puer Mol.

Dir wäert mierken: Äre Kierper entspaant sech, Äre Kapp gëtt méi kloer.

De Welt-Ootem-Dag ass also eng gutt Geleeënheet, fir sech erëm bewosst Zäit ze huelen - fir eppes, wat eis ëmmer begleet: eisen Ootem.
Well heiansdo läit déi einfachst Léisung fir méi Rou a méi Energie direkt virun eiser Nues.

Benedict Beaumont - Breathing Space

Back to Top
CIM LOGO