
Aus engem normale Samschdeg gëtt hei e Maartdag. D'Stänn sti niefteneen, Leit drécke sech duerch d’Gäng, et gëtt gekuckt, gefrot, gehandelt – a virun allem kaaft. De Santanyí-Maart ass e feste Bestanddeel vum Liewen an der Gemeng. Mëttwochs a samschdes fëllt sech den Zentrum mat Stänn. De Samschdeg ass dobäi de méi grousse Maart, dee Leit aus der ganzer Regioun, mee och vill Touristen unzitt.

Ugebuede gëtt hei bal alles, wat ee sech vun engem mallorquinesche Maart erwaart: Uebst a Geméis, Liewensmëttel, Oliven a Kéis, mee och Kleeder, Poschen, Bijouen, Keramik an Handwierksproduiten. Am Ganzen huet de Maart méi wéi 150 Stänn.
A genee dës Mëschung mécht fir vill Visiteuren de Reiz aus: et kann een hei eppes iessen, eppes fir doheem kafen – oder einfach duerch deéi schmuel Stroosse bummelen. An et ass net nëmmen d’Offer, déi Santanyí esou besonnesch mécht. De Maart gehéiert mëttlerweil zum Charakter vun der ganzer Uertschaft. D’Geschäfter, d’Caféen an d’Restauranten am Zentrum profitéieren och vun de ville Leit, déi op de Maart kommen. Fir vill Leit ass de Samschdeg hei eben net nëmmen Akafen. Et ass e klengen Ausfluch: kucken, schwätzen, e Kaffi drénken an d’Atmosphär genéissen.
A fir op esou e Maart ze kommen, muss een natierlech och eng Plaz kréien. D’Stänn um Maart gi vun der Gemeng organiséiert a verwalt. D’Demande an d’Dokumentatioun vun den Händler gehéieren dozou – et ass also net einfach nëmmen e Fall vun: Dësch opriichten a lassverkafen. Santanyí ass also vill méi wéi eng Plaz, wou een e Souvenir oder eppes fir z’iessen ka kafen. De Maart ass Treffpunkt, Akafsplaz an Touristenattraktioun an engem. A wann d’Stänn géint Mëtteg nees verschwannen, gëtt aus dem liewege Maartplaz erëm déi roueg Alstad vu Santanyí.
Vun Uebst a Geméis, iwwer Kleeder bis bei Bijouen.