
Viru méi wéi honnert Joer gouf et nach keng Barbien oder Actionfiguren an du war dat mat de Faarwen esouguer ëmgedréit. Rout stoung fir kinneklech a staark, domat gouf Männlechkeet verbonnen, Kampfgeescht, Blutt a Krich a well d'Jongen nach keng ausgewuesse Männer waren, hunn se deemools dat zaart Rosa gedroen, Patricia Lippert:
Wann et kulturell opgelueden ass, kann dat änneren, vun enger Kultur zur anerer. An et kann sech och ännere wärenddeem, wéi zum Beispill wéi ech op d'Welt komm sinn, dunn hunn se gemengt ech géing e Jong ginn an du haten se d'Bettche rosa gemaach, an si haten och scho rosa Dragéeë bestallt, well deemools war fir e Jong Rosa a fir e Meedche war Himmelblo. Ech sinn an de 50er op d'Welt komm, dat huet sech réischt an de 60er Jore verännert, dass op eemol Rosa fir Meedercher soll sinn.
Wisou ass dat dann elo, e Joerhonnert méi spéit anescht? Et ass jo net esou dass Jongen a Meedercher sech ofgeschwat hunn, dass se déi aner Faarf léiwer hunn, oder dass se einfach hir Meenung g'ännert hätten?
Tatsächlech sinn d'Fuerscher der Meenung dass dat éischter Zoufall ass, well eben déi ganz Gesellschaft sech verännert huet an domat och eis Perceptioun, wat fir Meedercher a Jonge "richteg" ass.
D'Kultur huet sech gewandelt an d'Faarf huet ëmmer eng gesellschaftlech Bedeitung. Déi ass am Wandel, esou wéi eng Kéier mockeleg Fraen e Schéinheetsideal waren an och an anere Kulturen nach sinn, si mer elo haut beim athletesche Kierper.
Rosa selwer huet vill verschidde Bedeitungen. Et kann douce a waarm wierken, romantesch, spilleresch oder nostalgesch. Hellrosa gëtt dacks mat Onschold an Zäertlechkeet verbonnen, méi staark Rosa kann energesch a selbstbewosst wierken. Dat gesäit een net nëmme bei Kleeder. Och Schoulmaterial, Kosmetik oder Reklamme schaffe mat esou Faarfcoden. An dat kann d'Fro opwerfen, wéi vill vun eise perséinleche Virléiften eigentlech perséinlech sinn - a wéi vill mer dovunner iergendwann geléiert hunn. Rosa ass also net einfach eng "Meederchersfaarf". Rosa ass e gutt Beispill dofir, wéi d'Gesellschaft Faarwe mat Identitéit, Erwaardungen a Rollen opluet.
Vläicht kann een dat dann déi nächste Kéier, wann een e rosa Objet gesäit e bëssen anescht kucken. Net nëmmen op d'Faarf - ma och op d'Geschicht, déi een domat verbënnt.