De Parcours ass knapp fënnef Kilometer laang a féiert iwwert de Gaalgebierg. Et ass eng Wanderung mat e puer klenge Montéeën, mee näischt, wat ee vun enger flotter Ronn soll ofhalen.
A wann ee sech op de Wee mécht, mierkt een zimmlech séier: Hei huet de Steen fréier eng ganz wichteg Roll gespillt. Mee wéi ass deen eigentlech vun hei bis an d’Héichiewe komm?

Déi industriell Vergaangenheet ass um ganze Parcours ze spieren. An et ass flott, well d’Geschicht net nëmmen op enger Tafel steet, mee sech och mat konkrete Spuere laanscht de Wee weist.
Eng dovun ass besonnesch impressionnant: en ale Concasseur. Eng Maschinn, déi haut e bëssen aus der Zäit gefall wierkt, hei um Wanderwee awer genee op déi Plaz passt. An domat kritt een eng Iddi dovun, wéi intensiv hei fréier geschafft gouf. De Steen ass net einfach just aus dem Buedem geholl ginn – hannendrun stoung eng ganz Industrie, déi de ganze Süde vum Land markéiert huet.
Haut ass d’Atmosphär natierlech eng ganz aner. Amplaz vu Kaméidi an Industrie fënnt een hei e grénge Wanderwee, Rou an Natur. An trotzdeem begleet d’Geschicht een op bal all Etapp.
Fir déi knapp fënnef Kilometer soll een e bëssen Zäit matbréngen, besonnesch wann een d’Informatiounen um Wee liese wëll an sech déi industriell Relikter méi genee ukuckt. An et ass och eng Ronn, déi sech gutt fir Famillje maache léisst. Et ass keng extrem usprochsvoll Wanderung an nom Wee gëtt et nach eppes fir déi Jonk: eng Spillplaz um Gaalgebierg.
De „Wee vum Steen“ ass domat eng flott Kombinatioun aus Natur, Beweegung an e bëssen Industriegeschicht. Eng kuerz Wanderung, bei där ee net nëmmen duerch d’Landschaft geet, mee och e Stéck vun der Geschicht vum Minett entdecke kann.