RTL-AfterworkDen entspaanten Interview, dës Woch mam Tilly Metz

RTL Lëtzebuerg

Déi gréng Europadeputéiert verréit, dass si fläisseg tëscht Bréissel, Stroossbuerg a Lëtzebuerg pendelt. Am Café des artistes ginn den Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel gewuer, dass hir Eltere reegelméisseg e Ringelmatch gemaach hunn a wéi hir Gesëschter si beim Spillen am Schaf vergiess haten. Et geet ëm hier Radioszäit bei RFM a wéi se als “Vice-reine des bleuettes” déi aner ënnert den Dësch gedronk huet. Mir héiere och, wéi se e Camion mat Schof gerett huet, an dass si grouss Angscht virum Blëtz huet.

Piano: Marc Schmidt

Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO