Wanderweeër zu a ronderëm LëtzebuergTëscht Fiels a Bësch – De B5 zu Bäerdref

Michèle Schons
De Mëllerdall gëtt net ëmsoss als "Kleng Lëtzebuerger Schwäiz" bezeechent. Hei fënnt een impressionant Fielslandschaften, déif Däller an eng ganz Rëtsch Wanderweeër. Ee vun hinnen ass de B5 zu Bäerdref. De Wee féiert duerch de "Werschrummschlüff" – eng schmuel Fielsspléck, déi bei Wanderfrënn besonnesch beléift ass.
© miSchons

https://perma.rtl.lu/a/2710239

De B5 ass ronn sechs Kilometer laang a schonn no e puer Minutte geet et an eng ganz aner Welt: héich Sandsteenfielsen, fiicht Moos, Wuerzelen um Buedem an ëmmer nees schmuel Passagen. De Werschrummschlüff ass dobäi ee vun den Héichpunkten. Op verschiddene Plaze ass d'Spléck esou enk, datt een nëmmen hannertenee kann derduerch goen.

Dës Fielslandschaft ass iwwer Millioune Jore geformt ginn. Wand, Waasser a Frascht hunn de Lëtzebuerger Sandsteen lues a lues ausgeschafft an déi markant Forme geschaf, déi haut de Charakter vum Mëllerdall ausmaachen. Genee dës eenzegaarteg Geologie mécht d'Regioun zu engem vun de beléiftste Wandergebidder am Land.

Nieft der spektakulärer Natur ass awer och e bësse Virsiicht gefrot. Verschidde Passagen si méi géi, et ginn Trapen an op naasse Fielse kann et rutscheg ginn. Fest Schong an e bëssen Ausdauer si fir dës Tour also recommandéiert.

Fir vill Wanderer ass de B5 eng Streck, déi weist, wéi vill Ofwiesslung Lëtzebuerg op relativ klenge Raum ze bidden huet. Tëscht imposante Fielsen, rouege Bëschpassagen an enke Schlëffer gëtt aus enger Wanderung séier eng kleng Entdeckungsrees – an de Werschrummschlüff bleift sécher nach laang an Erënnerung.

© visit-luxembourg.com

Back to Top
CIM LOGO