
Den Haff Réimech zu Remerschen ass haut e Paradäis fir Villercher, Amphibien an eng ganz Rëtsch aner Déieren- a Planzenaarten. Dobäi war dëst Gebitt fréier nach eng Kräsisgrouf. D'Natur huet sech d'Fläch mat der Zäit zeréckgeholl an aus enger fréierer Industrielandschaft ass e wichtegt Fiichtgebitt entstanen. Hei ginn direkt zwee Weeër fort, ee vun 3,7 Km an ee vun 1,6 Km.
Beim Spadséiergang fält op, wéi roueg et hei ass. Vun de verschiddenen Observatiounshütten aus kann ee mat e bësse Chance Réiher, Taucher oder aner rar Vullenaarten observéieren. Besonnesch am Fréijoer an am Hierscht ass den Haff Réimech eng wichteg Etapp fir vill Zuchvullen, déi hei eng Paus op hirer laanger Rees maachen.

D'Weeër duerch den Haff Réimech si liicht ze goen a passe gutt fir Familljen. Et geet net ëm sportlech Leeschtung, mee éischter drëm, sech Zäit ze huelen an d'Natur bewosst ze erliewen.
Zum Ofschloss lount sech nach eng Visitt am Biodiversum. Déi interaktiv Ausstellung erkläert, firwat Fiichtgebidder esou wichteg fir d'Biodiversitéit sinn a wéi empfindlech esou Ökosystemer eigentlech sinn. Denkt w.e.g drun - de Mupp muss an der Léngt bleiwen an et soll een d'Weeër och net verloossen, fir d'Vullen net ze stéieren.