
De Bëschbrand an der Gironde am Südweste vu Frankräich breet sech net méi weider aus an ass fixéiert. Dat huet de franséischen Inneminister Laurent Nuñez e Samschdeg géint d’Mëttesstonn annoncéiert.
D’Feier wier awer weider op verschiddene Plazen aktiv, sou dass et nach net méiglech wier fir all d’Leit, déi evakuéiert goufen, nees heem ze goen. 222.000 Leit hu misse wéinst de Bëschbränn evakuéiert ginn, eng Fläch vu ronn 42.00 Hektar sinn de Flamen zum Affer gefall.
Am Var sinn d’Bränn nach aktiv, ma et ass de Pompjeeën an der Nuecht op e Samschdeg gelongen ze verhënneren, dass se sech op weider Flächen ausbreeden. Hei géing et e "ganz héije Risiko" tëschent 16 Auer de Mëtteg an 22 Auer e Samschdeg den Owend ginn, esou den Inneminister. An där Zäit gëtt mat méi staarkem Wand gerechent.