En Donneschdeg de Moie war den ADR-Deputéierten eisen Invité vun der Redaktioun.

D'ADR wëll fir déi politesch Rentrée d'Wuesstems-Debatt nees zur Prioritéit maachen. Den iwwerdriwwene Wuesstem wier d'Haaptsuerg a leider géingen déi aner politesch Faarwen d'Diskussioun net féieren.

D'Wuesstemsdebatt wier och enk mat der Klimawandel-Thematik verbonnen. Et wier kloer, datt deen Deel Klimawandel, dee vu Mënsche verursaacht gëtt, reduzéiert muss ginn. D'ADR wier awer dogéint, fir d'Leit ze bestrofen. Eng Hausse vun den Accisen um Sprit géing op alle Fall näischt bréngen. Lëtzebuerg hätt manner Recetten an den Diesel an de Bensin géingen an den Nopeschlänner getankt ginn. Fir de Klima wier op alle Fall näischt gemaach ginn.

An der Emissioun Kloertext op der Télé hu Majoritéitsvertrieder sech iwwerdeems beschwéiert, datt d'Oppositioun an der Lescht net méi sachlech diskutéiere géing, mä bei all Thema direkt am Skandalmodus wier.

Aussoen, déi den ADR-Vetrieder net esou wëll stoe loossen. Et wier d'Roll vum Parlament a vun der Oppositioun, fir d'Regierung ze kontrolléieren. Eng Regierung, déi awer effektiv fir Skandaler géing suergen, zum Beispill, wa se versiche géing, d'Parlament monddout ze maachen.

Am Dossier Fichier central verlaangt de Gast Gibéryen, datt d'Regierung vu sech aus alles op den Dësch misst leeën. Et géing een ëmmer eréischt mat Informatiounen erausrécken, wann d'Saachen iwwer en anere Wee schonn erauskomm wieren.

D'Fuerderung vun enger Enquête-Kommissioun wier allzäit nach net vum Dësch.

Wat d'Personalpolitik um Haff ugeet, stellt de Gast Gibéryen sech hannert d'Positioun vum LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry. Et sollte keng Tabuen an der Diskussioun ginn an deemno wéi sollt legiferéiert ginn, fir méi Transparenz a méi Kloerheet ze kréien.

AUDIO: Invité vun der Redaktioun: Gast Gibéryen