En Dënschdeg de Moie war den DP-Politiker eisen Invité vun der Redaktioun.

"Ech kann Iech garantéieren, datt d'Escher Kulturfabrik bei Esch 2022 mat derbäi ass".

Verschidden ambitiéis Projete vun der Kulturfabrik wieren awer ze deier gewiescht. Projeten a Milliounenhéicht. Dowéinst wiere se gestrach ginn, well se ee groussen Deel vun de Suen, déi fir kulturell Projete virgesi sinn, verschlongen hätten.

Dat huet den Escher Kulturschäffe Pim Knaff am RTL-Interview erkläert.

Hien huet do op eng Nouvelle vum Essentiel um Dënschdeg de Moie reagéiert. Deen hat gemellt, datt d'KuFa 8 grouss Projete gestrach huet.

Wat den Inhalt vun deene Projeten ass, wollt de Pim Knaff net kommentéieren.

Um Dënschdeg de Mëtteg gëtt an der Chamber iwwert d'Finanzéierungsgesetz ofgestëmmt, fir d'Infrastrukture fir Esch 2022. Strukturen déi op Esch Belval solle renovéiert oder gebaut ginn.

Hie wier optimistesch, datt d'Infrastrukturen da stinn a renovéiert sinn. Zum Beispill d'Renovatioun vun der Mëllerei. Aner Projete wäerten net fäerdeg ginn, zum Beispill d'Vëlo- a Foussgängerpist, déi den Escher Zentrum mam Belval soll verbannen. Och bei der Renovatioun vum Kino Ariston kéint et Retarde ginn.

Den DP-Politiker Pim Knaff réckelt um Dënschdeg jo fir de verstuerwenen Eugène Berger an d'Chamber no. Et ass en trauregt Noréckelen, esou den Invité vun der Redaktioun. De Pim Knaff wäert an Zukunft an de Kommissioune vun der Digitaliséierung, vun der Kultur, dem Droit du Travail an der Justizkommissioun sëtzen. Als Affekot kéint hien hei seng Erfarungen abréngen.

Invité vun der Redaktioun: Pim Knaff

Um Dënschdeg am fréien Nomëtteg war et d'Schreiwes vun der Kulturfabrik, déi hir Präsenz fir Esch 2022 och nach eng Kéier confirméiert huet.