En Dënschdeg de Moie war den Direkter vun der Santé eisen Invité vun der Redaktioun.

Pro Dag ginn elo 10 Leit op de Coronavirus getest an et bleift derbäi, datt et bis ewell ee Fall gëtt: E Mann vun ëm déi 40 Joer, deen am CHL ass, an dee scho keng Symptomer méi huet.

Den Dr. Jean-Claude Schmit, den Direkter vun der Santé, war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Méi Prezisiounen iwwert den 1. Patient hei am Land mam Coronavirus gouf et net. Den Dokter huet op de Secret médical verwisen. Et hätt een déi Informatiounen eraus ginn, déi néideg waren.

D'Famill ass doheem a Quarantaine an huet bis ewell keng Symptomer. Déi infizéiert Persoun hat wéineg Kontakt mat anere Leit, hat sech selwer quasi a Quarantaine gesat, ass net schaffe gaangen. Zwee Leit, déi méi enke Kontakt haten an déi am Ausland sinn, goufe retracéiert.

Bis ewell goufen am Ganzen eng 50 bis 60 Leit op de Coronavirus getest. D'Inspection sanitaire geet bei d'Leit heem fir ze testen.

An enger nächster Phas kéint et sinn, datt méi Tester gemaach ginn, also net just da wann ee Symptomer huet an an engem Risikogebitt war. Aktuell géif getest ginn, wat logesch ass, seet den Direkter vun der Santé.

D'Suerge vun de Leit, versteet de Jean-Claude Schmit ganz gutt. Zanter e Méindeg gëtt et jo och eng nei Hotline (Telefonsnummer: 8002 8080). An den éischte 4 Stonnen hunn 100 Leit ugeruff. Et wär een do, fir op d'Froen ze äntweren. Den Dokter warnt awer viru Panik.

Hamsterkeef géife souwisou net vill Sënn maachen. Op d'Hygiène soll een oppassen, Hänn wäschen an op d'Hand oder eng Bees ginn fir Moien ze soen ze verzichten, gëtt och recommandéiert.

Ob d'Fro firwat iwwert de Coronavirus sou vill geschwat gëtt an iwwer d'Gripp manner, sot de Jean-Claude Schmit, datt och d'Gripp ënnerschätzt gëtt. Dofir och all Joer den Opruff, fir sech impfen ze loossen. Och wann 80% vum Coronavirus ganz harmlos verlafen, wär de Virus méi geféierlech wéi d'Gripp, well méi Leit géifen dru stierwen.

D'Kritik vun de Generalisten, datt se net genuch informéiert goufen, léisst den Direkter vun der Santé iwwerdeems net gëllen. Zanter Januar hätte si reegelméisseg – elektronesch – Consignë kritt. Et kéint een awer net genuch informéieren an dofir wär nach dës Woch eng Reunioun mat de Generaliste geplangt.

Invité vun der Redaktioun / Reportage Dr. Jean-Claude Schmit

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.