Leit, déi de Verdacht hunn, datt se sech mam Coronavirus ugestach hunn, sollen net bei de Generalist oder an eng Urgence goen. Si solle sech bei der Inspection sanitaire 24 78 56 50 oder der spezieller Hotline 8002 - 8080 respektiv de Weekend um 112 mellen. Déi Consigne ass awer nach net iwwerall ukomm.
An der Äntwert op eng urgent parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Jean-Marie Halsdorf confirméiert d'Gesondheetsministesch, datt et e Fall gouf, wou eng Persoun, déi aus Südkorea koum, also aus engem vun de Krisegebidder, an de CHL gaangen ass, fir sech testen ze loossen.
Do gouf déi Persoun erëm fortgeschéckt, ma och dunn huet se sech nach ëmmer net bei der Inspection sanitaire gemellt, mä iwwer Telefon bei engem Generalist.
D'Praxis huet dunn, nodeems se Kontakt mam CHL opgeholl huet, d'Inspection sanitaire kontaktéiert an déi huet dunn déi betraffe Persoun op hirer Aarbechtsplaz kontaktéiert an arrangéiert, datt se nach de selwechten Dag getest gouf. Deen Test war um Enn negativ.
LINK: Coronavirus - All Informatiounen um Internetsite vum GouvernementNodeems et de Weekend iwwer elo en éischte confirméierte Fall gouf, maachen d'Generalisten drop opmierksam, datt si keng Consignen hunn, wéi se sech solle verhalen, wa se e Patient an der Praxis hunn, dee riskéiert de Covid-19 ze hunn. D'Doktere mierken awer, datt et eng gewëssen Angscht bei de Leit gëtt.
Ganz am Ufank, seet de Generalist Marc Trierweiler, hunn d'Leit nach éischter de Geck gemaach. Wa se de Schnapp haten, hätten se gesot "Ech wäert dach net dee chinesesche Virus hunn", mä wéi et bis op eemol méi Fäll och ausserhalb vu China gouf, hätt ee gemierkt, datt d'Leit sech méi Gedanke maachen.
Nodeems de Weekend deen éischte Fall zu Lëtzebuerg confirméiert gouf, mierkt den Dokter Trierweiler, datt d'Leit Angscht hunn: "Déi éischt E-Mailen, hat ech schonn de Moien um Computer, déi de Weekend nach geschriwwe gi sinn. Vill Leit hunn de Moien ugeruff, et herrscht den Ament bëssen eng Panik an der Bevëlkerung. All Schnapp, all Houscht, all Féiwer, dobaussen, do fäert natierlech jiddereen et wier de Coronavirus."
Bis elo huet de Marc Trierweiler zwee Patiente geroden, d'Inspection sanitaire ze kontaktéieren. Dat waren zwou Persounen, déi aus Italien zeréck komm sinn an déi Symptomer haten. Den Test war um Enn awer negativ.
D'Stephanie Obertin, d'Presidentin vum Cercle des médecins généralistes, bedauert, datt d'Hausdokteren am Contraire zu der Populatioun an de Spideeler weider net informéiert sinn. Si hätte keng Consignen, fir de Fall, datt se eng Persoun an der Salle d'attente hätten, déi méiglecherweis mam Coronavirus infizéiert ass.
E Generalist géif dann natierlech d'Inspection sanitaire kontaktéieren, mä doriwwer eraus géife sech nach eng ganz Partie aner Froe stellen.
Den Dr. Trierweiler: "Wat maache mer mat eisem Wartesall, an deem déi Persoun souz? Et ass net de Problem wou mer de Patient hunn an e behandelen, mä wéi maache mer et dono? Ware Leit mat am Wartesall? Bis d'Inspection sanitaire do ass, wat maache mer mam Patient? Musse mer en isoléieren? All déi Consignen do, do maache mir wéi mir mengen. Mir hunn do guer keng kloer Richtlinnen vum Ministère de la Santé wéi mir eis solle behuelen."
D'Presidentin vum Cercle des médecins généralistes seet, et hätt ee sech e Freiden den Owend bei der Santé gemellt, fir all déi Froen ze klären, bis elo hätt een awer nach keng Äntwert kritt.
D'SSTL (Sécurité & Santé au Travail Luxembourg) huet e Schreiwes erausbruecht, a welchem erkläert gëtt, wéi ee sech op der Aarbecht verhale soll, fir de Risk vun enger Infektioun op e Minimum ze reduzéieren. De sougenannte "Module d'intervention CVID-19" steet ënnert dem Motto: Informer - Rassurer - Agir intelligemment.