E Méindeg de Moie war de President vun der Société Médicale Luxembourgeoise de Gériatrie et Gérontologie eisen Invité vun der Redaktioun.

Ee vun zwee Leit, déi wéinst dem Coronavirus hospitaliséiert ginn, sinn eeler Leit. Dat sot den Dr. René Dondelinger e Méindeg de Moien am RTL-Interview, de Geriater an President vun der "Société Médicale Luxembourgeoise de Gériatrie et Gérontologie" war eisen Invité vun der Redaktioun.

Eeler Persoune wiere méi fragil, well se duerch den héijen Alter och schonn eng Rei Virerkrankungen hätten. Vill Leit am 4. Alter hätten och drënner gelidden, datt si wärend dem Confinement isoléiert waren. Mä et hätt misse gemaach ginn, fir si ze schützen. Wann de Coronavirus nämlech bis an engem Altersheem wier, wär d'Situatioun ganz uerg, sou de Geriater.

Duerch de laange Confinement géing een den Ament och vill medezinesch kollateral Schied gesinn. Wéi d'Leit nom Lockdown nees an d'Spidol koumen, hätt ee gesinn, dass do vill Saache geschleeft hunn a sech souguer verschleeft hunn. Bei eelere Leit, déi nach doheem wunnen a wou d'Soins à domicile och manner komm wären, do hätt een deels ganz dramatesch Situatioune gehat, sou den Dokter René Dondelinger. Hien ënnersträicht iwwerdeems, datt et u Geriateren hei am Land feelt. Aktuell ginn et der just 16 an dat géing bei wäitem net duergoen.

Dowéinst misst de Beruff méi attraktiv gemaach ginn. Och finanziell. Et wär een eng vun de rare Spezialisatiounen, déi sech mat der aktueller Nomenclature schlecht géing finanzéiert kréien. Dofir wär d'Majoritéit vun de Geriateren agestallt an do missten dann d'Spideeler mat an d'Täsch gräifen, fir se z'ënnerhalen. Dat kéint heiansdo schwiereg ginn, besonnesch fir liberal Spideeler, sou nach de Geriater René Dondelinger.

Invité vun der Redaktioun: Dr René Dondelinger

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.