Invité vun der Redaktioun (16. Juli) - David LentzKonsum vu kannerpornographeschem Material hëlt am digitalen Zäitalter zou

Pit Everling
En Donneschdeg de Moie war de Procureur d’Etat adjoint eisen Invité vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun: David Lentz
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Zuel vun den Affäre viru Geriicht wéinst kannerpornografeschem Material geet an d'Luucht. Soss hätt ee bis zu 40 Affären d'Joer gehat. Dëst Joer gouf et schonn 72 Fäll. D'Tendenz wär also definitiv steigend, dat sot den David Lentz, de Procureur d'Etat adjoint en Donneschdeg de Moien am Interview. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.

Den Accès zur Kannerpornographie géif iwwert den Internet ganz liicht gemaach ginn, vill Leit géife sech keng Gedanke maachen an d'Eltere géifen net ëmmer kontrolléieren, wat hir Kanner maachen.

Een Drëttel vun den Täter sinn nämlech mannerjäreg. Dat hätt een erféiert, sot den David Lentz. Den Accès zum Internet géif esou e Besëtz vereinfachen. Verschiddener géifen net iwwerleeën, anerer kéinten och schonn e Gefalen, eng Sucht hunn, fir sou eppes kucken ze goen. Dës Lescht gouf et 46 Perquisitioune bei Leit doheem. Dausende vu Biller mussen ausgewäert ginn – dat bräicht nach vill Zäit. All Bild gëtt ausgewäert, fir e méiglecht Affer z'identifizéieren.
Et géif och net ee spezifesche Profil vu Leit ginn, déi sou Material konsuméieren. Dat kéint jidderee sinn.

Op den Droit à l'oubli ugeschwat, sot de Procueur d'Etat adjoint, datt dat eng „riicht an d'Gladder" wär fir Victimmen.

En Donneschdeg de Moie war de Procureur d’Etat adjoint eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
RTL-NEWS: 46 Perquisitiounen am Zesummenhank mat Kannerpornographie
Back to Top
CIM LOGO