En Dënschdeg de Moie war de President vun der CNS eisen Invité vun der Redaktioun.

D’CNS, d’Gesondheetskeess huet d’ëffentlech Gelder ze verwalten a muss natierlech alles hannerfroen. Dat huet den Direkter vun der CNS, de Christian Oberlé en Dënschdeg de Moien hei op RTL erkläert. Dat am Zesummenhang mat Diskussioune mat de Spideeler, déi méi Moyene froen. D’CNS, genee ewéi de Santésministère an d’Spideeler wiere sech op jiddwerfalls Eens, sou de Christian Oberlé, datt den normale Spidolsalldag net méi dierf erofgeschrauft ginn, fir d’Covid-Laascht ze stemmen. Wat an der Theorie einfach kléngt, wier a Realitéit net einfach. D’Zil vun der CNS wier et en Equiliber ze fannen, tëscht deem wat sënnvoll an néideg ass, a wat vläicht finanziell iwwerdriwwen ass.

D’CNS huet awer scho gréng Luucht ginn, fir datt 50 Leit méi kënnen agestallt ginn a „vläicht kommen der iwwert déi nächst Diskussiounen nach dobäi“. Beim Ufank vun der Kris wier d’CNS ganz spéit zougeschalt ginn. Elo wier ee vun Ufank un an den Diskussioune mat agebonnen, wat de Christian Oberlé begréisst huet. Hien ass och zouversiichtlech, datt een an de Verhandlunge mat der Santé an de Spideeler op en „staarken Aascht“ kënnt, also e gudde Konsens fënnt, och wann d’Moyene limitéiert wieren.

"Kassensturz"

D’CNS mécht dëst Joer viraussiichtlech en Defizit vu ronn 560 Milliounen Euro. Wann een einfach géing virumaachen, wier d’Reserve d’nächst Joer opgebraucht an dann hätt een „ee reelle Problem“. Dat wier awer net wat d’CNS bei der Gestioun vun der zweeter Well géing méi retizent maachen, huet de Christian Oberlé verséchert, well déi éischt Prioritéit wier de Virus anzedämmen. Et misst een eben „umsichtig un massvoll“ sinn, an anere Wieder alles a Betruecht halen an op Mooss schaffen.

Et géing een alles matdroen, mä da misst mat der Politik decidéiert ginn, wéi eng Hiewelen gedréint ginn, fir kënne weiderzeschaffen. De Christian Oberlé huet un d’Mesuren vu wärend der Kris 2008 erënnert, fir d’CNS ze entlaaschten. Deemools gouf d’Reserve légale erofgesat, d’Tariffer goufen agefruer. Eng aner Méiglechkeet ass natierlech ëmmer d’Contributiounen an d’Luucht ze setzen, wat een awer wéilt vermeiden, well et ebe grad de Leit an der Kris elo méi schlecht geet.

Invité vun der Redaktioun: Christian Oberlé

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.