E Mëttwoch de Moie war de Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun eisen Invité vun der Redaktioun.

Et gouf ee sech net mat de Gewerkschaften eens iwwert d'Verleeë vum Congé collectif. Dat huet e batteren Nogoût, well et bedeit fir d'Handwierksbetriber, elo nees e puer Wochen ouni kënnen ze schaffen. An dat huet natierlech e finanziellen Impakt.

Dat sot de Romain Schmit, Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun am RTL-Interview; hie war eisen Invité vun der Redaktioun.

Et géif deen Ament ganz ënnerschiddlech am Handwierk lafen. Bei de Coiffeuren zum Beispill wär et duerchwuess, déi an der Stad hätte Problemer, um Land géif et goen. An der Alimentatioun spiert een den Homeoffice och ganz gutt. D'Garagisten hu Schwieregkeeten.

Och um Bau gëtt et Ënnerscheeder. Vill Investissementer géifen ewechfalen, da géif d'Handwierk och manner gefrot ginn.

Den Homeoffice deet dem Gros vun der Ekonomie wéi. Dat normaalt Liewe feelt. Et wär plazeweis kee Client do, bedauert de Romain Schmit.

Mat de staatlechen Hëllefen ass de Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun global net zefridden, ausser mam Chômage partiel.

D'Hëllefe wieren un ze vill an ze streng Konditiounen gebonnen. Vill Betriber wieren eidel ausgaangen. Et géif net stëmmen, datt d'Entreprise mat engem Milliardepak duerch d'Kris gedroe goufen. De Romain Schmit rechent éischter mat 200 Milliounen Euro, déi bei de Betriber gelant sinn.

Vill Verwaltunge wéilten och elo schonn hir Suen zréck, TVA, Sécurité sociale oder dat, wat ee beim Chômage partiel ze vill krut a wat muss zréckbezuelt ginn.

D'Federation des Artisans hofft do op Ëmsicht a Versteesdemech vun de Verwaltungen, soss misste warscheinlech vill Betriber zouspären.

Eng éischt Well vun Faillitte gëtt sech am Hierscht erwaart.

Invité vun der Redaktioun: Romain Schmit

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.