E Freideg de Moie war den ADR-Deputéierten eisen Invité vun der Redaktioun.

Um perséinleche Plang kréie mer den Depart vum Gast Gibéryen net opgefaangen, hien ass e Monument an der Lëtzebuerger Politlandschaft, seet den neie President vum parlamentaresche Grupp vun der adr, Fernand Kartheiser. Hie war um Freideg de Moien Invité vun der Redaktioun.

Et géif een a sengem Geescht weider fueren. Et wier een eng wäertkonservativ a sozial engagéiert Partei.
De Wieler krit eng Partei, déi sech zum Land bekennt, engem souveräne Staat an Europa mat senger eegener Kultur a Sprooch, dat mat enger Integratiounspolitik, déi notamment op der Sprooch baséiert.

D'Lëtzebuerger Identitéit wier a Gefor, d'Diskussioune ronderëm d'Nationalitéitegesetz an eventuell Ouverturë beim Rekrutement an der Police géingen dat weisen.

Weider Themeschwéierpunkte si fir d'adr d'Schoul an d'Jugendpolitik. D'adr verlaangt, datt méi fir d'Sécherheet gemaach gëtt an datt de Staat soll ophale sech staark ze verschëllen.

Déi ëffentlech Verschëldung wier lo wärend der Coronakris massiv geklommen, de Finanzminister Pierre Gramegna hätt d'Kontroll verluer an den Triple A wier a Gefor.

Bei der aktueller Kris géing een och gesinn, datt d'Regierung keen Afloss am Ausland huet. Derbäi kéim, datt sech en Totalitarismus géing breet maachen, d'Leit kréichen ze vill an hir Fräiheeten agegraff.
 
Den zukünftegen Deputéierte Fred Keup wier e Mann mat Courage, dee programmatesch gutt bei d'adr géing passen.  Hien hätt op alle Fall e ganz gudden Androck vum Fred Keup, deen en éischtklassegen Deputéierte wäert sinn, sou de Fernand Kartheiser.

En onschéine Moment

An der Suite vum ominéise Facebook-Post wier et virun e puer Méint bei der adr intern en onschéine Moment ginn, seet de Fernand Kartheiser. Et wiere Feeler geschitt, ma et hätt ee sech wéi erwuesse Leit zesumme gesat an déi Saach wier bannent zwou Woche geléist gewiescht.

Invité vun der Redaktioun: Fernand Kartheiser


Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.