E Mëttwoch de Moie war de Coordinateur vun der APEG eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Corona-Kris trëfft och d'Sozialpedagogen, déi mat klenge Kanner, Jugendlechen, eelere Leit a Persoune mat Handicap schaffen. De Paul Bressler vun der APEG, dem Beruffsverband vun de Sozialpedagoge war e Mëttwoch de Moien Invité vun der Redaktioun. Natierlech géifen et den Ament Suerge ginn, ënner anerem gesondheetlech Suergen, ëmmerhi goufen et awer Infektiounen. Den Ament géingen et zum Beispill 15 Fäll an enger Maison Relais am Süde vum Land ginn, woubäi natierlech net kloer wier, wou déi Leit sech ugestach hätten.

D'Regierungsmesurë wieren net ëmmer ganz koherent an d'Informatiounspolitik géintiwwer de Sozialpedagoge kéint besser sinn. D'APEG hätt och nach weider Mesuren ze proposéieren an dëser Kris, zum Beispill méi kleng Gruppen do wou et méiglech ass, C02 Miessgeräter oder Loftfiltere fir d'Viren, sou nach de Paul Bressler vun der APEG.

Invité vun der Redaktioun: Paul Bressler

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.