E Méindeg de Moie war de President vun der AMMD eisen Invité vun der Redaktioun.

"Et ass en zousätzlechen Effort an ermiddend fir d'Dokteren an d'Fleegepersonal." Dat sot de President vun der AMMD e Méindeg de Moie bei eis op der Antenn iwwert déi aktuell Corona-Situatioun. Den Dr. Alain Schmit war eisen Invité vun der Redaktioun.

Et wier een definitiv nach net aus der Pandemie eraus. De Virus géif mutéieren an et wier am Fong och keng Iwwerraschung, datt e méi ustiechend gi wier, domat hätt ee misse rechnen, huet den Dr. Alain Schmit betount. D'Impfung wier zwar effikass, mä net onbedéngt op Dauer, dofir wieren Opfrëschungen néideg. A puncto Vaccinen huet de President vun der AMMD ënnerstrach, datt d'Dokteren, déi zanter dem Summer an hire Praxissen impfen, eng ganz Partie Bestëmmunge mussen anhalen:

Alain Schmit: Dat ass eng logistesch Ufuerderung, déi d'Generaliste musse stëmmen an déi ass net einfach. Mir bedaueren, datt et kee Lien mat der Cellule de crise gëtt. Et ginn ëmmer erëm Pannen, datt se de falschen Impfstoff kréien oder guer keen. D'Patiente mussen awer op Lëschte geschriwwe ginn. Patienten ënner 30 Joer dierfe kee Moderna kréien, mä Pfizer, an de Pfizer feelt awer de Moment.

Allgemeng géif d'Kommunikatioun mat der Cellule de Kris ze wënschen iwwreg loossen:

Alain Schmit: Mir hätte gär, datt do de Kontakt och geboostert gëtt.

Dem President vun der AMMD no hätt een zwee Moyenen, fir an dëser Pandemie ze agéieren: Dat ass d'Preventioun. Dat verhënnert gëtt, datt d'Leit sech ustiechen, duerch Mask oder Impfung. An mir mussen alles optimiséieren, fir wa Leit krank ginn, mer se sou gutt wéi méiglech am Spidol versuergt kréien, ouni datt déi, déi net Covid hunn duerch de Sift falen.

Den Dr. Alain Schmitt huet donieft erkläert, datt och Dokteren Affer vu Beleidegunge géife ginn. D'AMMD hätt hire Memberen an deem Kontext kloer gesot, datt se de betraffenen Dokteren an esou Fäll juristesche Rot géifen ubidden.

Invité vun der Redaktioun: Dr. Alain Schmit

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.