E Mëttwoch de Moie waren ënnert anerem d'EVP an d'Klimagesetz Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

De beschte Choix, deen e Wieler ka maachen, géint e Rietsruck, ass, d'CSV ze wielen. Dat sot de Christophe Hansen, Deputéierten an CSV-Spëtzekandidat fir d'Europawalen, als eisen Invité vun der Redaktioun. D'EVP, d'Europäesch Vollekspartei, huet d'lescht Woch hire Walprogramm um Kongress zu Bukarest gestëmmt.

D'CSV huet géint dëse Manifest gestëmmt an dat obwuel dësen - zu 99 Prozent – e richteg gudde Walprogramm wier, erkläert den Invité. De Problem wier d'Propos gewiescht, fir e Modell anzeféieren, mat deem Asyl-Demandeuren net méi an der EU, mee a sécheren Drëttstaaten ënnerbruecht ginn, bis hir Prozedur fäerdeg ass. A Groussbritannien heescht dëse Modell "Ruanda-Modell", well illegal Migranten an dësen afrikaneschen Drëttstaat solle bruecht ginn. Och do wier d'Propos ganz ëmstridden an dat Iewescht Geriicht hätt se och scho verworf, well de Ruanda kee séchert Drëttland ass. Fir d'CSV wier dat en No-Go an d'Partei wéi och d'Regierung wieren ëmmer der Meenung gewiescht, dass wann e Flüchtling bis um Territoire vun der EU ass, déi ganz Asyl-Prozedur och hei misst stattfannen. Et wier besser d'europäesch Solidaritéit ze stäerke mat deene Länner, déi besonnesch vun der Flüchtlingsproblematik betraff wieren.

Rutscht déi Europäesch Vollekspartei méi no riets?

Datt d'EVP mat där Propos d'Dier wollt opmaache fir konservativ oder rietspopulistesch Parteien, léisst de Christophe Hansen net gëllen. De Manifesto wier eben een demokratesche Prozess an an der EVP wieren och Deputéierter a Mandatairen aus Länner wéi Griicheland, Italien, Kroatien a Spuenien, fir déi d'Asyl-Prozedur eng méi grouss Prioritéit wier, well se ee méi grousse Problem domat hunn.

Allgemeng schwätzt sech d'CSV géint eng strategesch Allianz mat der ECR aus, der Fraktioun vun den europäesche Konservativen a Reformisten, déi als rietskonservativ bis rietsextrem agestuuft ginn. Wann et ëm technesch Dossiere géing goen, wéi zum Beispill een europäesche Chargeur fir Handyen, da kéint ee mat hinne stëmmen, mee a ville politesche Froe wieren et einfach ze grouss Divergenzen. Vu dass si an anere Länner demokratesch gewielt goufen, misst een dat och respektéieren an dann einfach besser Alternativen ubidden. Dat wier notamment d'CSV.

Klimagesetz: Aviatioun a Schëfffaart solle méi ëmweltfrëndlech ginn

De Christophe Hansen ass dann och Rapporter vum neie Klimagesetz iwwer dat en Donneschdeg an der Chamber ofgestëmmt gëtt. Doranner gi virop méi ambitiéis CO2-Ziler festgehalen. Den europäeschen CO2-Präis (Zertifikater fir CO2-Emissiounen) gëtt nieft der Energie, och op aner Beräicher ausgedeent, op den Transport an op d'Gebaier. Donieft gëtt een Ausgläich-Mechanismus op den EU-Grenzen agefouert fir méi Fairness um EU-Bannemaart. Doduerch muss dann zum Beispill de bëllege Stol aus China, deen net mat dësen CO2-Präisser konfrontéiert ass, duerno awer eng Kompensatioun bezuelen.

De Fluchverkéier soll dann och mam Klimagesetz méi nohalteg ginn. Do soll verstäerkt op syntheetesche Sprit gesat ginn, déi eng besser CO2-Bilanz hunn. An och d'Schëfffaart soll massiv dekarboniséiert ginn, fir dass och d'Produiten an d'Liewensmëttel an eise Regaler e manner groussen CO2-Foussofdrock hunn, erkläert de Rapporter Christophe Hansen.

Invité vun der Redaktioun: Christophe Hansen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.