
Am Kader vum sechsten an domat ofschléissende Spilldag an der Nations League goufen um Dënschdegowend aacht Matcher gespillt. Portugal wënnt ee flotte Match a Wales an Norwegen rett sech spektakulär kuerz viru Schluss an d'Véierelsfinall.
An der ieweschter Liga war nëmmen nach eng Grupp am Asaz. Am Match tëscht Wales a Portugal ass et dobäi ëm net méi vill gaangen, well d'Portugisen hiren Ticket fir d'Véierelsfinall scho sécher haten an d'Waliser als Gruppeleschte feststoungen. Wéi de Bruno Fernandes an der 11. Minutt den 1:0 fir d'Gäscht markéiert huet, hu sech vill Leit eng souverän Victoire erwaart. Dës Rechnung gouf awer ouni d'Lokalekipp gemaach, déi de Match zwar dréine konnt, sech kuerz virun der Paus awer den Ausgläich duerch de Pedro Neto gefaangen huet. De spillentscheedende Gol zum 3:2 huet de Carlos Forbs an der 70. Minutt zu Gonschte vu Portugal geschoss. Um Score sollt och déi giel-rout Kaart fir de Pedro Neto näischt méi änneren an domat hunn d'Portugisen d'Spëtzt vum Grupp verdeedegt.
Grouss Spannung gouf et dogéint zu Kopenhagen: Am direkten Duell huet Dänemark net dierfte géint Norwegen verléieren, fir op der zweeter Plaz ze bleiwen. D'Lokalekipp wollt fréi alles kloer maachen a louch schonn no enger Véierelstonn mat 2:0 a Féierung. Norwegen huet doropshin de Kapp zwar net hänke gelooss an ass duerch ee Gol vum Erling Haaland nach an der éischter Hallschent zréck an de Match komm. Dono huet et trotz gudde Chance bis an déi 84. Minutt gedauert, éier den Ödegaard mam 2:2 d'Tabellesituatioun nach eng Kéier spannend gemaach huet. Mat der leschter Aktioun kritt Norwegen een Eelefmeter zougesprach, deen den Erling Haaland verwandelt huet. Mat engem 3:2 qualifizéiert sech Norwegen ganz spéit fir d'Véierelsfinall.
An der Liga B stoungen dogéint nach dräi Gruppen op. Dobäi war awer just nach eng Plaz an der Véierelsfinall am Virfeld nach net entscheet: Irland a Kosovo hunn dësen Ticket zu Dublin ënnerteneen ausgemaach. An engem hektesche Match krut de Kreshnik Hajrizi an der 26. Minutt déi rout Kaart an den Troy Parrott huet doropshin op Eelefmeter de wichtegen 1:0 fir d'Heemekipp geschoss. Kuerz nom Säitewiessel ass hien nees vum Punkt ugetrueden an huet op 2:0 gestalt, éier den Jack Moylan fir den 3:0-Endstand gesuergt huet.
Am zweete Match aus dëser Grupp konnt Éisträich géint Israel ouni Drock optrieden, well hinnen d'Spëtzt am Grupp net méi ze huele war. Obwuel d'Ekipp vum Trainer Ralf Rangnick däitlech méi vum Match hat, konnten d'Israeelien duerch ee Säitfallzéier vum Dor Peretz mat enger 1:0-Féierung an d'Paus goen. No enger gudder Stonn huet de Sasa Kalajdzic Éisträich mam Ausgläich belount. Vun Israel sollt doropshi keng Reaktioun méi kommen a sou hu sech béid Ekippe mat engem 1:1 getrennt.
Méi ëmkämpft ëm déi éischt Plaz am Grupp war et tëscht Ungarn an Nordirland. D'Gäscht sinn als Tabelleleader ugetrueden a kruten déi Plaz och gehalen. Zwar hat Ungarn an den éischte 45 Minutten d'Nues vir, well d'Säite mat engem 1:0 gewiesselt goufen, no der Paus hunn d'Gäscht awer dofir gesuergt, dass si duerch een 1:1 als Éischtplazéierten zréck op d'Insel fléie kënnen.
Tëscht der Ukrain a Georgien ass et ëm net manner wéi de Maintien an der Liga B gaangen. Obwuel Georgien nach keen eenzege Gol an dëser Campagne geschoss huet, hate si mat zwee Punkten um Kont nach d'Chance, fir den Ofstig ze verhënneren. Ouni de verletzte Khvicha Kvaratskhelia ass hinnen awer och um leschte Spilldag géint d'Ukrain kee Gol gegléckt. Fir e Punkt sollt et och net duergoen, well den Danylo Sikan schonn no manner wéi 60 Sekonnen den 1:0 gelongen ass. Doduerch spillt Georgien an Zukunft eng Liga méi déif.
Fir genau dat nämmlecht Zil hu Polen a Rumänien gespillt, allerdéngs net direkt géinteneen. Fir Rumänien koum a Bosnien näischt aneres a Fro wéi déi dräi Punkten. Deementspriechend hu si lassgeluecht: No sechs Minutten huet den Daniel Birligea den 1:0 geschoss. Bosnien wollt sech virum eegene Public awer keen Ausrutscher erlaben an ass nach virum Säitewiessel zum Ausgläich komm. Knapp zéng Minutte viru Schluss ass den Esmir Bajraktarevic zum Matchwinner ginn, well hien de Match fir d'Lokalekipp gedréint huet. Um Enn bleift et beim 2:1 an domat steigt Rumänien an d'Liga C of.
Polen hat dee scho séchere Gruppegewënner Schweden op Besuch an domat déi méi schwéier Aufgab erwëscht. Mat engem 1:1 huet sech d'Lokalekipp iwwerraschend gutt aus der Affär gezunn an de Maintien doduerch och gewëssermoosse verdéngt.
Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.