Och zu Lëtzebuerg gëtt et een Rietsruck an der Politik
E Freideg de Moien war den Ëmgang mat Rietspopulismus Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Net just am Ausland, mee och zu Lëtzebuerg gesäit een e Rietsruck. Notamment rezent Aussoe vun DP- an CSV-Politiker (Simone Beissel a Marc Lies, ndlr.) géingen dat weisen. Dat constatéiert d'Politologin Léonie de Jonge e Freideg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. Si ass Assistenz-Professesch op der Universitéit Groningen a spezialiséiert op rietspopulistesch bis rietsextrem Parteien.
Rietsradikal Iddie géingen ëmmer méi normaliséiert ginn, well esou Parteien am Opmarsch sinn an eben och a villen europäesche Länner Wale gewannen. Zentrum-Riets Parteie géingen da versichen, dës Rhetorik ze kopéieren, fir Stëmme vu riets ze fänken. Och déi gréissten europäesch Vollekspartei EVP huet an hirem Walprogramm eng Propos zu Asylpolitik stoen, déi ee kéint als eng Zort Kopie vun engem rietsradikale Walprogramm gesinn, constatéiert d'Invitée. Ganz allgemeng géingen d'Sondagë queesch duerch Europa weisen, dass rietsextrem Parteie wäerten u Stëmme gewannen an duerno gutt Chancen hunn, fir am Europaparlament kënne matzemëschen.
Wéi musse sech etabléiert Parteien opstelle géint riets?
Dat wier eng ganz schwéier Fro, well et keen "Allgemeinrezept" gëtt, sou d'Léonie de Jonge. Den Timing géing och eng grouss Roll spillen. Wann et ëm rietsradikal Parteie geet, wier et zum Beispill gutt e Cordon sanitaire en place ze setzen, ier déi Parteie "grouss ginn". Do géing et drëm goen, se ze isoléieren a se net op Debatten anzelueden an hinne keng Plattform ze ginn. Dat wier allerdéngs schwéier, wann d'Parteien 20 Prozent vun de Stëmmen an enger Wal gewannen.
An der Theorie géingen et dräi verschidde Strategië ginn: Éischtens d'Isolatioun, zum Beispill a Form vun engem Cordon sanitaire. An zweeter Instanz misst een an den Debat goen, d'Konfrontatioun sichen a versichen, déi radikal Iddien ze entmasken. An drëttens d'Parteie kopéieren, hir Standpunkten iwwerhuelen an deenen eng aner Plattform ginn.
Bis wouhin toleréiere mir Intoleranz?
D'ADR ass sécher keng rietsextrem Partei, mee ganz kloer déi Partei hei am Land, déi am wäitste riets um politesche Spektrum operéiert a sech och ëmmer méi radikaliséiert. Viru Jore wier dat net de Fall gewiescht, mee mëttlerweil géinge si ganz kloer ëmmer méi Standpunkte vu rietsradikale Parteien iwwerhuelen, notamment wann et ëm Migratioun geet, oder Genderfroen. Do géing sech och ganz kloer d'Fro mam Ëmgang stellen an et wier wichteg, dass sech d'Medien och d'Fro stellen "bis wouhin toleréiere mir Intoleranz", sou d'Politologin.
Do kéint ee sech e Beispill un der Wallonie huelen. Do wier ee Cordon sanitaire en place an do fale Parteien drënner, déi "liberticide" sinn, also géint d'Fräiheet sinn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.