E Mëttwoch de Moie waren d'Europawalen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Mat "realisteschen a pragmateschen Iddien" wëll d'ADR bei den Europawale punkten, dat sot déi nei ADR-Parteipresidentin, Deputéiert a Kandidatin Alexandra Schoos de Mëttwoch de Moien hei op RTL. Hir Partei wier fir d'europäesch Unioun, mä fir en Europa vun den Natiounen. Vun der EU erwaart sech d'ADR eng Friddenspolitik an eng gemeinsam Handelspolitik. An anere Beräicher ewéi der Agrikultur oder der Kultur misst een awer de Spezifizitéite vun den eenzele Memberstaate méi Rechnung droen.

D'ADR ass aktuell op europäeschem Niveau Member vun der Partei "Europäesch Konservativ a Reformisten", bei där zum Beispill d'italieenesch Fratelli d'Italia och ass. Ass fir d'ADR eng Zesummenaarbecht vun deem Grupp mam Grupp "Identitéit an Demokratie" eng Optioun, wou d'AfD an de Rassemblement National dobäi sinn? D'ADR verschléisst sech kenger Koalitioun oder Zesummenaarbecht, esou d'Alexandra Schoos. Mä et misst een "dee Moment" kucken, wéi eng "gemeinsam Nenner" et ginn.

Hire Virgänger als ADR-Parteipresident Fred Keup hat um Nationalkongress de virleschte Weekend dem "Woke" de Kampf ugesot. Wat bedeit fir d'ADR de Kampf géint de "Woke"? D'Alexandra Schoos sot, dat wier de Kampf géint all Form vun Zensur – haaptsächlech an de Medien - oder géint "d'Cancel culture". D'ADR-Deputéiert huet d'Fro opgeworf, ob den Ausdrock vun Ongerechtegkeeten "faktebaséiert" wier oder op "Meenungen" oder "Ideologie" géing baséieren. Als Beispill huet si den hypotheetesche Fall genannt, wou eng net-lëtzebuergesch Persoun a si selwer sech géinge fir en Job mellen. Wa just ee geholl gëtt, kéint sech an hiren Ae jiddereen diskriminéiert fillen: den Net-Lëtzebuerger als Auslänner an d'Fra als Fra. Als anert Beispill huet si "Opklärungscoursen" an de Schoule genannt, wou d'Elteren am Virfeld méi kéinte mat agebonne ginn.

D'ADR setzt sech fir d'Fräiheet vun de Leit an, dorënner d'Meenungsfräiheet. Mir hunn d'Alexandra Schoos op de Virworf vun "Doppelmoral" ugeschwat, well an der Vergaangenheet ADR-Politiker Plaintë géint Artisten a Journaliste gemaach hunn, déi se kritiséiert haten. D'ADR-Parteipresidentin sot, hir Partei géing net eng kritesch an neutral Press kritiséieren. Mä et géing hir den aneren "Pendant" feelen. Nodeems d'lescht Woch d'Politologin Leonie de Jonge hei op RTL ënnert anerem iwwert e Rietsruck befrot gouf, wënscht sech d'Alexandra Schoos och eng Emissioun iwwert e Lénksruck.

Invité vun der Redaktioun: Alexandra Schoos

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.