Duerch Textzeilen a sengem Lidd "FCK LXB", wou ënner anerem de Joe Thein, de Fred Keup oder d'ADR erwäänt goufen, huet den Tun Tonnar misste viru Geriicht.

Nieft dem Joe Thein an dem Fred Keup hat och den Dan Schmitz, dee schonn e puer Mol wéinst friemefeindlechen Äusserungen an Opruff zum Haass veruerteelt gouf, géint de Museker Plainte gemaach. Si hate geklot, well si duerch den "Féck den..." sech beleidegt gefillt hunn.

"Kënschtleresch Fräiheete solle bestoe bleiwen", esou d'Decisioun vun de Riichter e Mëttwoch de Mëtteg, déi den Tun Tonnar vun alle Virwërf fräigeschwat hunn.

An hirem Uerteel hunn d'Riichter festgehalen, dass d'Wierder, déi gebraucht goufen, keng Ofwäertung vu bestëmmte Persounen erëmspigelen. Et misst een och d'Suite vum Text a Betruecht zéien, dee beweise géif, dass politesch Ideologien a perséinlech Meenunge viséiert sinn, déi reegelméisseg vun deene Betraffenen an der Ëffentlechkeet, de Medien an de sozialen Netzwierker géifen héichgehale ginn. D'Terminologie, déi benotzt gouf, géif keng onerdréiglech Schiedegung vun der Éier a vum Ruff vun de Viséierten duerstellen, och wann een d'Form an d'Ausdréck, déi gebraucht goufen, net deele misst.

Elo bleift de Géigeparteien nach d'Méiglechkeet, fir an den nächste 40 Deeg géint dëst Uerteel a Revisioun ze goen.

Zäitgläich mam Uerteel: Turnup Tun bréngt neit Lidd eraus

Bei dësem Lidd hu sech vill Museker a bekannte Perséinlechkeeten aus dem Grand-Duché fir e Fräisproch vum Tun Tonnar agesat.