E Mëttwoch de Moie war d'Piratepartei Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Datt déi Konservativ an Europa, also d'EVP, zu där d'CSV och gehéiert, eng Zort Ruanda-Modell proposéiert, wou Migranten an Drëttlänner transferéiert ginn, dat huet de politesche Beroder vun de Piraten, den Tommy Klein e Mëttwoch de Moien hei op RTL "ganz schlëmm" fonnt. Ganz schlëmm fënnt hien och, datt déi Konservativ an Europa d'Grenze wéilte schütze viru Leit, déi Schicksalsschléi erlieft hunn. Dem Pirat no soll "nach ëmmer de Mënsch am Vierdergrond stoen".

No de polemeschen Aussoe vum CSV-Politiker Marc Lies an der DP-Politikerin Simone Beissel par rapport zu Auslänner huet den Tommy Klein "en neie Stil" festgestallt: "et ass ëmmer mol flott iergendeng Ausso dohinner ze geheien an herno zeréckzerudderen". Dat wier "immens einfach", mee a sengen Ae misst ee sech iwwerleeën, wat een do vu sech gëtt.

En anere Sujet war d'Videoiwwerwaachung bei den CFL: de Piraten-Deputéierte Marc Goergen hat sech gefrot, ob net Leit sollen dohinner gesat ginn, fir d'Biller auszewäerten. Ass dat net am Widdersproch mam Dateschutz, deen d'Piraten ëmmer héich halen? Den Tommy Klein huet vun engem "Equiliber" tëscht Schutz an Dateschutz geschwat. À la base wieren d'Piraten awer "vill méi frou", wann et ganz ouni Video-Iwwerwaachung géing goen.

E weidere Sujet am Interview war de Logement an d'Baukris. D'Pirate wiere "frou fir all Mesure, déi dem Marché oder de Leit hëlleft", mee hinne feelt "e bëssen de soziale Volet". Den Tommy Klein fäert, datt souguer, wa méi Wunnenge géinge gebaut ginn, d'Leit se sech nach ëmmer net kéinte leeschten. De Beroder vun de Piraten huet dowéinst un eng vun den Iddie vu senger Partei erënnert, wou een et fir Besëtzer interessant mécht, e méi niddrege Loyer ze froen.

Dem Tommy Klein ass et bei de Chamberwalen am Oktober net gelongen, en Deputéierte-Mandat ze kréien. Dat huet hien e Mëttwoch de Moien net ganz schlëmm fonnt: hien huet drop higewisen, datt hien eréischt 39 Joer al ass. Fir seng Partei a fir hie géing et nach genuch Erausfuerderunge ginn.

Invité vun der Redaktioun: Tommy Klein

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.