Réckbléckend kéint een iwwer munch Decisioune wärend der Pandemie diskutéieren
En Dënschdeg goung et an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" ëm d'Pandemie an d'Covid-Gesetzer.
Zu Lëtzebuerg wier wärend der Pandemie manner wéi am Ausland vun uewen erof decidéiert ginn. D’Institutioune waren déi gréisst Zäit voll funktiounsfäeg. Et hätt een ni panesch agéiert. Dat sot de Mars Di Bartolomeo en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.
Den LSAP-Deputéierten, deen och déi lescht Legislaturperiod President vun der parlamentarescher Gesondheetskommissioun war, a Rapporter vun den iwwer 30 Covid-Gesetzer, huet erkläert, dass sämtlech Rapporten ëffentlech sinn.
Och wann déi meescht Texter just mat de Stëmme vun der Majoritéit gestëmmt goufen, hätt dat an de meeschte Fäll just u punktuellen Detailer geleeën. An da wier am nächsten Text och nogebessert ginn, fir e méiglechst breede Konsens ze fannen.
Dat Virgoen an d’Mesuren, déi generell getraff goufen, wieren och vun internationalen Institutiounen gelueft ginn. Beispillsweis wieren d’Schoulen hei zu Lëtzebuerg am mannste laang a ganz Europa zoubliwwen, an dat wier déi richteg Decisioun gewiescht, seet den LSAP-Politiker.
Genee wéi och déi, fir vill ze impfen, awer op fräiwëlleger Basis. Op d'Fro op d'Decisioun vum 3G, respektiv 2G verhältnisméisseg war, sot de Mars Di Bartolomeo, dass een haut doriwwer kéint diskutéieren. Ma deemools hätt een awer no beschtem Wëssen a Gewësse gehandelt. Villes hätt sech och eréischt duerno erausgestallt.
Dat wat ee gemaach hätt, wier sécher net perfekt gewiescht, mä et wier ëmmer drëms gaangen, Gesondheet a Fräiheet ofzeweien, an dat wier a sengen Aen gelongen, sou de Mars Di Bartolomeo.
Den LSAP-Politiker geet och mat an d'Europa-Walen. Géing hien an d'Europaparlament goen, wann hie gewielt gëtt? "Firwat net", war d'Äntwert vum Mars Di Bartolomeo.
D’Aarbechten un engem Pandemie-Gesetz géifen iwwerdeems weiderlafen. Enn dëst Joer soll en entspriechend Gesetz um Dësch leien.
Deputéierten Dr. Schockmel reagéiert
Een neit, méi ganzheetlecht Gesetz ass och net vu Muttwëll seet den DP-Gesondheetsexpert an Deputéierten, den Dr. Gérard Schockmel. Um Beispill vun der Maskeflicht an der Impfdiskussioun hätt et an den 32 Covid-Gesetzer eng gewëssen Inkoherenz ginn.
"Tëschent dem éischte Coronagesetz an dem 32., do ass natierlech d'Richtung e puermol geännert ginn an dat féiert dann dozou, datt et inkoherent ass an datt d'Leit iergend eng Kéier och net méi akzeptéieren, wat decidéiert ginn ass. [...] Ganz am Ufank war nämlech d'Fro, ob Masken iwwerhaapt eppes bréngen. An dann herno natierlech sinn d'Masken absolutt essentiel gewiescht."
Et wéilt een och vu vir eran am Aklang mat internationale Recommandatioune sinn. Fir dass et eppes aus engem Goss gëtt soll ee sech Zäit fir all Zort Iwwerleeunge loossen. Den Timing vun Enn vun dësem Joer soll keen Dogma sinn esou den Dr. Schockmel.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.