E Freideg war d'Post Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Trotz engem schwieregen Ëmfeld huet d'Post zejoert e Rekordëmsaz vu bal enger Milliard realiséiert. Eng Indextranche géif eleng 10 Milliounen Euro ausmaachen, sot de Generaldirekter vun der Post Claude Strasser als eisen Invité vun der Redaktioun. Zejoert si bekanntlech 3 Indextranchen erfall. Als Konterpartie hätt een awer vu méi héijen Zënse profitéiert. De Beräich Post Finance wier doduerch eng éischte Kéier nees aus de rouden Zuelen erauskomm.

Bei eis ka jiddereen ee Konto opmaachen

D'Post gehéiert mat hirer Bank zu deene 5 Entitéiten, déi de Privatclientë mussen e Basis-Konto offréieren. "Mir si keng Bank a mir hu keng Bankelizenz", sou de Claude Strasser e Freideg de Moien. An deementspriechend géing ee just Basis-Servicer ubidden an dat wiere grad déi Clienten, déi zum Beispill bei der ING viséiert waren. D'Post géif nämlech jiddereen als Client acceptéieren.

Punkto Service um Client huet de Generaldirekter betount, dass den Ament keng weider grouss Fermeturë vu Postbüroe geplangt ass. 26 där klassescher Postbüroe gëtt et fir den Ament nach. Déi meescht géifen och nach vill genotzt gi vun de Clienten, sou dass net geplangt ass, weider Büroen zouzemaachen. Donieft hätt een 15 "Espace Posten", wou Telekom-Aktivitéiten, Bréifpost a PostFinance regroupéiert sinn. An da géing et nach 60 "Point Posten" uechtert d’Land ginn. Dat a Supermarchéen, Tankstellen a bei anere Partenairen an déi hätten en plus besser Ëffnungszäite fir d’Clienten, betount de Claude Strasser.

100 Millioune Bréiwer

Lëtzebuerg bleift dann e Land, an deem nach aussergewéinlech vill Bréiwer verschéckt ginn. "Et ass bëssen eng Kuriositéit", sou den Invité. Grad a skandinavesche Länner géinge ganz wéineg Bréiwer verschéckt ginn. Zu Lëtzebuerg gëtt ongeféier pro 10 Bréiwer, 1 Pak verschéckt. A Skandinavien wier de Ratio bal 1:1. Responsabel fir déi vill Bréifpost wieren hei am Land virop déi staatlech Institutiounen, d’Banken an den Assurancësecteur.

Donieft huet d’Post zejoert 7,3 Millioune Päck ausgedeelt. Als Verglach: virun 10 Joer wier een nach bei 2-3 Millioune Päck gewiescht. Deels hätt een do bis zu 20 Prozent méi Volume gehat vun engem Joer op dat anert, sou de Generaldirekter vun der Post. Gréissten Defi wier do, fir de Pak bei de Client ze kréien. Dat géing net ouni d’Bréifdréier goen, déi ëmmer méi Päck wärend hiren Tournéeën derbäi hunn, erkläert de Claude Strasser.

Invité vun der Redaktioun: Claude Strasser

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.