Mat "DEEP" lancéiert d'Post eng nei Entitéit, an där véier Filialen aus dem Post-Grupp regroupéiert sinn.

Mat dra sinn Digora Lëtzebuerg, EBRC, Elgon an d'B2B Aktivitéiten vun der Post. Et ass e Regruppement, deen déi professionell Clienten betrëfft. D'Fusioun gëllt vum 1. Januar un an d'Post wëll mat dësem Schrëtt eng Referenz bei Servicer aus siwe Beräicher ginn. Eng Schlësselroll spillen notamment d'Cloud, d'Cybersécherheet an d'Kënschtlech Intelligenz.
 
De Cliff Konsbruck, den Direkter vu Post Telecom:
 
"D'Ambitioun vun DEEP ass et, de Referenzpartner am Beräich vun den digitale Servicer zu Lëtzebuerg ze ginn an déi Servicer och am Ausland ze developpéieren. Mat DEEP proposéiere mir dem Marché een eenzege Kontaktpunkt an eng Mark. Mir hunn e Portefeuille mat extrem ville Solutioune fir de Client."
 
De Generaldirekter vun der Post, de Claude Strasser, schwätzt vun engem staarke Signal an engem Regruppement, deen eenzegaarteg an der Geschicht vun der Post ass.

Nei Strukture vun der Post presentéiert (Claude Strasser)
Mat "DEEP" lancéiert d'Post eng nei Entitéit, an där véier Filialen aus dem Post-Grupp regroupéiert sinn.