E Méindeg de Moie war de Centre Cinqfontaines an déi klassesch Commemoratioun Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"Et ass kloer, mir sinn an enger Zäit, wou d'Diskussioun ganz emotional gefouert gëtt." Dat sot den Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung a President vum Comité Auschwitz e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. De Marc Schoentgen erkläert, dass grad an der Politik d’Emotioun ëmmer ganz present wier an do kann een eng Polariséierung feststellen. Dat géing dann heiansdo och zu extreeme Reaktioune bei de Leit féieren. Sou wéi ee se elo och an den USA gesinn huet, beim Attentat op den Donald Trump. 
 
Et gehéiert zum politesche Spill 

Wierder muss ee mat Beduecht wielen, mee an der Politik géinge Saachen dacks op d’Spëtzt gedriwwe ginn, grad am politeschen Debat oder enger politescher Ausernanersetzung. Da géingen dacks och mol Begrëffer geholl ginn, déi ee soss vläicht net géing huelen. Dat seet de Marc Schoentgen zur Wuertwal vun der ADR. Si hu rezent vun "Hetz" géintiwwer der eegener Partei geschwat, am Kontext vun der Ried vun enger Lycée-Direktesch. Do kéint een natierlech ëmmer appelléieren, dass ee raisonnabel matenee schwätzt, mee et géing och iergendwou e bëssen zum politesche Spill dozou gehéieren.

Centre Cinqfontaines kënnt ganz gutt un 

Mam President vum Comité Auschwitz hu mer natierlech och iwwer den neie Centre Cinqfontaines "Lieu de mémoire et centre éducatif" geschwat, deen elo am Juli säin éischte Joresrapport presentéiert huet. An dee fält positiv aus mat bal 2.000 Visiteuren. Dorënner ganz vill Schüler, awer och Erwuessener.

Op der Pafemillen goufe wärend dem Zweete Weltkrich Judden internéiert. Haaptzil vum Zenter ass et, fir Visiteuren op der Plaz ze weisen an z’erklären, wat deemools do geschitt ass, d'Erënnerung oprecht ze halen, an de Lien zu aktuellen Themen ze maachen, wéi Antisemitismus, Rassismus an zivil Courage.

Commemoratioun an Educatioun 

Et wier och wichteg ze trennen, tëscht commemorativen an edukative Momenter, wou ee Projeten oder Workshoppe mécht. Commemoratioun hätt eng symbolesch Wierkung, also fir Leit op eng Plaz ze bréngen, déi eng historesch staark Aussokraaft huet. Déi Commemoratioun géing een dacks mat Nokomme vun den Affer oder souguer leschten Zeie maachen.

Mee dat edukatiivt steet op der Pafemillen (Cinqfontaines) awer am Vierdergrond. Also dat, wat geschitt ass, ze kontextualiséieren, Fakten ze iwwermëttelen an de Lien mat der haiteger Zäit ze maachen. Natierlech wiere grad och Antisemitismus a Rassismus e Sujet am Zenter. Déi Jonk wiere ganz sensibel op Froe vun Exklusioun Exklusioun a wa Leit ongerecht behandelt ginn, erkläert de Marc Schoentgen. Fir d'Zukunft wéilt ee versichen, nach méi Jonker an Erwuessener z'erreechen a gruppespezifesch Offeren ze maachen.

Invité vun der Redaktioun: Marc Schoentgen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.