Den Educatiounsminister Claude Meisch dogéint hëlt d'Claudine Muller a Schutz a seet, si hätt en Appell un eis Grondwäerter gemaach.

Huet d'Direktesch vum Mierscher LTPES bei der Remise vun den Diplomer an hirer Ried ** viru Schüler an Invitéë géint riets Politik "gehetzt"?

Datt et "Hetz" war, insinuéiert op d'mannst den ADR-Deputéierte Fred Keup, deen dann och den zoustännege Minister freet, ob Staatsbeamte sou Tribünen dierfe benotzen, fir hir perséinlech politesch Vuen ze propagéieren.
 
Den Educatiounsminister Claude Meisch stellt sech komplett virun d'Direktesch vum Lycée fir sozial an edukativ Beruffer a seet, datt d'Claudine Muller an hirem Discours en Appell un d'Grondwäerter vun eiser Gesellschaft gemaach hätt, sou wéi se an der Verfassung verankert wieren.
 
De Claude Meisch seet dann och, datt et seng grouss Suerg ass, datt sech den ADR-Deputéierten dru stéiere géif, wann Direktere sech en public zu esou Valeure géif bekennen. Deementspriechend géif de liberale Politiker och fir Leit, déi am Déngscht vum Staat stinn, dran ënnerstëtzen, fir sech weider fir Prinzippien a Wäerter staark ze maachen, déi an der Verfassung stinn.

Am Kloertext weist de Claude Meisch domat dem Fred Keup duerch d'Äntwert op deem seng parlamentaresch Fro d'rout Kaart.

**
Verbatim vun der Ried vun der Direktesch vum LTPES, dem Claudine Muller:

„De Rietsruck, dee weltwäit duerch d’Gesellschafte geet, bereet mir immens grouss Suergen. Ech hat 
wierklech gehofft, datt mir no der Erfarung vum Zweete Weltkrich an der Occupatioun duerch 
Nazidäitschland hei am Land, mä och a ganz Europa an an der ganzer fräier Welt bäigeléiert hätten, 
an net méi empfänglech wieren, fir déi vun de Populiste virgegaukelt einfach Äntwerten op komplex 
Froen. Dës ginn erfarungsgeméiss ëmmer op d’Käschte vu Minoritéiten a vun deene Persounegruppen, 
déi um Rand vun eiser Gesellschaft stinn, a vun deene kritesche Membere vun der Gesellschaft. Ech hat 
och gehofft, datt mer als fräi europäesch Gesellschaft opgrond vun eisem humanistesche Mënschebild 
an eisem Vertrauen an d’Demokratie immun wiere géint déi rietsextreem a rietspopulistesch Gefor.“