E Méindeg de Moie war ënnert anerem d'Aarbecht am Europaparlament Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Mam Fernand Kartheiser sëtzt fir d’éischte Kéier en ADR-Politiker am Europaparlament. Um Méindeg de Moie war hien eisen Invité vun der Redaktioun. D’Chamber hei am Land ass gemittlech am Verglach zu Stroossbuerg. Et ass eng vill méi grouss a komplizéiert Welt, och politesch, seet de Fernand Kartheiser.

Wat déi national Politik ugeet, wéilt hie lassloossen. Hien hätt vollst Vertrauen an déi Leit, déi elo fir d’ADR an der Chamber sëtzen.
Trotzdeem wéilt hie weider zesummeschaffen, Themen uschwätzen, déi souwuel hei am Land, wéi och am Europaparlament Sujet sinn.

Beim Vott vun der Kommissiounscheffin huet de Fernand Kartheiser d’lescht Woch géint d’Ursula Von der Leyen gestëmmt. Bei him géifen all rout Luuchten ugoen, wann hien héiert, dass d’Informatiouns- an d’Meenungsfräiheet soll ageschränkt ginn. Et hätt ee Situatiounen och hei zu Lëtzebuerg gehat, beispillsweis zu Covid-Zäiten, wou eis demokratesch Kultur ageschränkt war. Dat wéilt een net toleréieren.

Op Zensur a Länner ewéi Russland a China ugeschwat, sot de Fernand Kartheiser, hie wier "net zoustänneg fir d’Meenungsfräiheet" an deene Länner, mee fir d’Meenungsfräiheet hei am Land. Hie sot awer och, datt hie géing bedaueren, wann an anere Länner d’Meenungsfräiheet géing leiden an hie géing dat a Gespréicher mat de Partner aus deene Länner ënnersträichen.

Wat den Ukrain-Krich ugeet, wier et kloer, dass Kiew de Krich net méi kéint gewannen. Et wier just nach eng Fro vun der Zäit, bis d’Ukrain abrécht. Et misst elo diplomatesch verhandelt ginn, fir deem ganzen en Enn ze setzen. Do wär och d’EU ebe gefuerdert. Acceptéieren, datt ee Land Land verléiert, dat geet net "a priori", huet hien zouginn. Allerdéngs wiere schonn Ausnamen an Europa gemaach ginn, notamment mam Kosovo.

Invité vun der Redaktioun: Fernand Kartheiser

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.