E Freideg de Moie waren d'Fouer an d'Mobilitéit an der Stad d'Theemen an eiser Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Ëm déi 600 Demande ginn et all Joer, fir e Stand op der Fouer. "Just eppes méi wéi 200 Plaze kënne mer verdeelen", sot de Patrick Goldschmit e Freideg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Den zoustännege Stater DP-Schäffe konnt och confirméieren, datt mëttlerweil all Forain gréng Luucht fir säi Stand krut. Bei engem Iessstand war d’Elektresch net an der Rei. Dee konnt eréischt en Dënschdeg opmaachen. D’Sécherheet vun de Leit, déi op d’Fouer kommen oder déi do schaffen, hätt Prioritéit. D’Fouer op enger anerer Plaz wéi dem Glacis, do géif een iwwerhaapt net drun denken.
 
Ëffentleche Raum an der Stad muss nei opgedeelt ginn
 
De Patrick Goldschmit ass och Stater Verkéiersschäffen. Et hätt een iwwert déi lescht Jore vill un engem Mobilitéitsstrategieplang geschafft, dee bis 2035 geet. Den Auto wier definitiv um Maximum ukomm, dofir misst den ëffentlechen Transport massiv ausgebaut ginn. Den ëffentleche Raum misst anescht opgedeelt ginn. D’Vëlosnetz an d’Foussgängerweeër sollen och verbessert ginn. De renomméierte Büro Gehl aus Dänemark wäert sech deem unhuelen a soll vu baussen drop kucken. An den nächsten 8 Méint gëtt gekuckt, wat wou ka verbessert ginn. An et soll, Zitat "vill verbessert ginn".
 
D’Vëlosnetz soll méi sécher ginn, sot de Patrick Goldschmidt. Et wär een dem Code de la route no zwar reegelkonform, mä net lückenlos. Et géifen och vill Reklamatioune vu Foussgänger ginn, well vill Vëloe bäikomm sinn. Dofir gi Vëlo a Foussgänger zesumme gekuckt.
 
Seuilen an der Steiererklärungen eropsetzen
 
Zanter November ass de Patrick Goldschmidt och Deputéierte fir d’DP an der Chamber. Et bräicht een e bësse Zäit, fir sech eranzeschaffen. Hien ass Expert-Comptable, huet eng eege Fiduciaire a schafft ganz vill un der Steierpolitik.
 
Virun der Individualiséierung, wou e Gesetzprojet 2026 soll virleien, sollen och d’Abattementen, d’Seuilen an der Steiererklärung, eropgesat ginn, sot de liberalen Deputéierten. Déi wären zanter Joerzéngten net méi ugepasst ginn a géifen de Leit vill Kafkraaft ewechhuelen.

Invité vun der Redaktioun: Patrick Goldschmidt

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.