E Méindeg de Moie waren d'Zukunft vun Hesper an d'Verhandlunge mat de Sozialpartner d'Themen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Invité vun der Redaktioun: Diane Adehm

De Marc Lies war een Zitat "Dram-Gemengepapp", dee ganz vill fir d'Gemeng gemaach a vill Infrastruktur-Projeten op d'Bee gestallt huet. Wat net sou glécklech wier, wier dass seng Fanger heiansdo méi séier wéi säi Verstand waren. Dat hätt da fir Onrou gesuergt a wier schued, well doriwwer géing dacks méi geschwat ginn, wéi iwwer all déi gutt Aarbecht. Dobäi géing hien elo eng scholdefräi Gemeng hannerloossen. Dovunner géingen der vill just dreemen. Dat sot déi nei Hesper Buergermeeschtesch Diane Adehm e Méindeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. Si ass e Freideg am Gemengerot offiziell gewielt ginn.

Et goufe Skandaler, mee näischt gouf ënnert den Teppech gekiert

An de leschten zwee Joer ass d'Gemeng mat Flair, wéi Hesper sech selwer nennt, vill negativ opgefall. Zwee Gemengebeamten, déi iwwer 20 Joer laang ëffentlech Geld a Milliounenhéicht ënnerschloen hunn. 2024 gouf et d'Nominéierung vun engem Familljemember op e Gemengeposten, wat duerno jo rëm vum Inneminister réckgängeg gemaach gouf. Dëst Joer goufen et dann nach Problemer mat engem Beamten, dee jorelaang seng Aarbechtsstonne gefälscht huet. Gëtt dat net d'Gefill vun enger Gemeng vum "Laissez-faire"? Nee, fënnt déi nei CSV-Gemengemamm, well all Kéiers hätt d'Gemeng hir Responsabilitéit geholl. "Mir hunn net de berüümten Teppech héich gehuewen an drënner gekiert, mee mir hunn e Wee ageschloen, fir dat dote ganz opzedecken, sou gutt et gaangen ass."

Déi zwee Beamten, déi Suen ënnerschloen haten, dat géing op eng Zäit zeréckgoen, wéi de Marc Lies nach net Buergermeeschter war. Wéi hie Finanzschäffe gi war, hätt hien d'Gemeng nei opgestallt an duerno wiere just nach ganz wéineg Suen op deem Wee verontreit ginn. Wat d'Nominatioun vum Familljemember ugeet, do misst ee soen, dass d'Decisioun vum Ministère réckgängeg gemaach gouf, well an der Ausschreiwung eng Qualifikatioun gefrot ginn ass, déi déi heite Persoun net hat, erkläert d'Invitée.

Eclat mat der Oppositioun wéinst enger Email

Wat déi deels ugespaante Situatioun bannent dem Hesper Gemengerot ugeet, sot d'Diane Adehm, dat wier en normaalt Spill tëscht Majoritéit an Oppositioun. Do war eng Email aus der eegener CSV-Sektioun zu Hesper geleaked ginn. Doran hat de Marc Lies de Gemengeconseiller vun déi Gréng, den Stephen de Ron, als "Kallef" bezeechent. Et wéisst ee bis haut net, wien dës Email aus hirer eegener Sektioun virugereecht hätt, mee dozou misst een och soen, dass de Marc Lies um Schluss vun där Email geschriwwen hat, dass se dierf weidergeleet ginn. Et kéint een also dovun ausgoen, dass dat net béiswëlleg geschitt wier, sou d'Diane Adehm. Déi nei Buergermeeschtesch betount op alle Fall, dass hir Dier fir d'Oppositioun ëmmer géing opstoen. Grad op Gemengenniveau wier den Dialog extrem wichteg.

Ëmmer méi Aarbecht fir d'Buergermeeschteren: Duebel-Mandater ofschafen?

An der Lescht hu vill Buergermeeschteren demissionéiert. Net aus politeschen, mee aus gesondheetleche Grënn. Weiler-La-Tour, Hesper, Bartreng a Wäiswampech. D'Demande un déi politesch Responsabel ginn ëmmer weider an d'Luucht. Bei grousse Gemengen, wéi zum Beispill zu Hesper, wier ee personal-technesch dacks vill besser opgestallt wéi an de klenge Gemengen. Mee grad a méi klenge Gemenge kéint d'Aarbecht séier ze vill ginn, sou déi nei Buergermeeschtesch. Zu Hesper huet e Buergermeeschter 40 Stonne Congé politique ze gutt [esou wéi an all Gemeng mat iwwer 10.000 Awunner, ndlr.].

Kritt d'Invitée dat nieft hirer Aarbecht als Deputéiert alles ënnert een Hutt a misst een d'Duebel-Mandater net ofschafen? Si wéisst, wéi den Hues leeft, seet d'Diane Adehm, déi zanter 2011 fir d'CSV am Hesper Schäfferot sëtzt. D'CSV wier net géint eng Trennung vun de Mandater, mee da missten aner Weeër fonnt ginn, fir dass d'Buergermeeschteren an der Chamber gehéiert ginn. Zum Beispill mat enger Zort "Chambre des Élus", well d'Gemengepolitik wier och fir déi national Politik extrem wichteg.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.