Mir mussen de mënschlechen Aspekt bei den Administratiounen erhalen
E Méindeg de Moien an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" huet d'Mediatrice de Bilan vun hiren 8 Joer als Ombudsman gezunn.
Et ass wéi wann ech mäi Bëbee géif weiderginn. Et deet e bësse wéi. Och wann ee vun Ufank u weess, dass et op 8 Joer begrenzt ass. Dat sot d'Claudia Monti e Méindeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. Hiert Mandat als Ombudsman geet jo nächste Mount, no 8 Joer op en Enn.
Et wier natierlech schwéier Bilan ze zéien iwwer seng eegen Aarbecht, mee si géing mengen, dass d’Mediatrice an de leschte Jore méi bekannt gi wier. Bei verschiddenen Decisioune vun Administratioune géing elo direkt ënnendrënner den Ombudsman stoen, fir dass d’Leit wéissten, u wie sech kënne wenden, fir sech ze beschwéieren. Donieft wier si vill um Terrain present gewiescht. Si ass och houfreg, datt den Ombudsman elo eppes Konkretes gi wier. Direkt zougänglech, present um Terrain, mat engem oppenen Ouer.
Et geet dacks "ëm dat Liewegt"
D’Claudia Monti huet sech dacks als Meckerkëscht vun der Natioun bezeechent. D’Lëtzebuerger meckeren am meeschten iwwer Reclassements professionelles bei der ADEM oder bei Allocatioune beim Fonds de logement. Ganz allgemeng seet d'Claudia Monti, si hätt un Dossiere geschafft, wou et "ëm d'Liewegt" goung, wou d’Leit heiansdo och moralesch a psychologesch vläicht e bëssen op der Limitt sinn.
Am meeschte markéiert huet d’Ombudsman de mënschlechen Aspekt vun hirem Mandat. Et hätt si immens frappéiert, mat wéi vill Misär, mat wéi vill Angscht a mat wéi vill Onsécherheet een ze dinn hätt. Si hätt gemierkt, dass sech vill vun der Angscht elo ëmgewandelt hätt an d’Leit éischter méi aggressiv wieren an och vill méi géinge revendiquéieren.
D’Ombudsman fuerdert, dass de mënschlechen Aspekt bei den Administratiounen net verluer geet. Natierlech bräichte mer d’Digitalisatioun, mee et misst een extrem gutt oppassen, dass d’Leit net einfach just eng Nummer ginn. Si géing net midd ginn ze warnen, dass et net duergeet just iwwer Internet un een ze kommen.
“Wann Dir wierklech an der Misär sidd, da braucht Dir och e Mënsch, mat deem Der kënnt schwätzen. Dir kënnt net engem Roboter, wou Der da musst soen, ech si kee Roboter, äert ganzt Leed kloen an dann iergendeppes zréckkréien.”
Wou geet déi berufflech Zukunft hin?
“Éierlech gesot, ech hu keng Anung”, dat seet d’Claudia Monti zu hirer berufflecher Zukunft. Si wéilt op alle Fall de Mënscherechter trei bleiwen. Als Affekotin zeréck op de Barreau kéint si awer net goen. Si hätt an de leschte Joren als Ombudsman vill Relatiounen opgebaut a wéilt net, dass een elo mengt, si wéilt doraus Profit schloen oder iergendwellech Magouillë maachen.
Am Mee iwwerhëlt d’Claudia Monti offiziell hir Tâche als Presidentin vum Verwaltungsrot vun "Hëllef um Terrain", der fréierer Caritas. Do wier et hir ganz wichteg, fir eben um Terrain ze bleiwen a selwer op déi eenzel Instanzen ze goen.
Virun hirem Mandat als Ombudsman war si och an der DP politesch aktiv. Fir hir politesch Neutralitéit seriö ze huelen, hat se dunn als Mediatrice keng Parteikaart méi an ob se elo nees géing zeréckgoen, wéisst si wierklech nach net.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.