E Mëttwoch de Moie war de Service Umedo fir Affer vu Gewalt Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Gewaltverbriechen am Stot ginn net ëmmer bei der Police gemellt. Dat aus Schimmt viru Frënn, Famill oder dem Ëmfeld oder aus Angscht virun de Suitten. A genee dofir gëtt et eise Service. Dat sot Dokter Martine Schaul E Mëttwoch de Moien. D’Médecin Légiste a Cheffin vum Service Umedo war eis Invitée vun der Redaktioun. Den Umedo (Unité médico-légale de documentation des violences) ass e Service, wou een als Affer vu Gewalt kann higoen an anonym Plainte maachen. Umedo ass Deel vum LNS, dem nationale Gesondheetslaboratoire.
 
Wéi fonctionnéiert Umedo?

De Service dokumentéiert Blessuren a mécht och eng Spueresécherung fir e spéideren Zäitpunkt, wann d’Affer prett sinn, fir bei d’Police ze goen oder wann zum Beispill duerch eng Eskalatioun d’Faiten awer bei der Police landen.  All d’Dokumentatioune gi fir 10 Joer gehalen.

Invité vun der Redaktioun: Martine Schaul

Den Umedo huet awer verschidde Krittäre fir d’Prise en charge. Et muss een iwwer 18 Joer al sinn a visibel rezent Blessuren oder Wonnen hunn. Dat kënne blo Flecke sinn, Bëss-Spueren oder DNA-Spueren no sexueller Gewalt. Donieft dierf den Incident der Police nach net bekannt sinn. Wann dat nämlech de Fall ass, da leeft déi ganz Dokumentatioun iwwer d’Servicer vun der Police.

Am Schnëtt 25 Fäll d'Joer

Eleng d’lescht Joer krut Umedo ronn 100 Appeller. Dovunner kommen awer déi meescht net bis an d’Ënnersichung. Zejoert ware vun 100 Appeller, just 28 Ënnersichungen. Am Schnëtt sinn et 25 Leit d’Joer, déi sech ënnersiche loossen. Iwwer déi lescht 7 Joer waren et am Ganzen 137 Fäll. De Gros dovunner - 90 Prozent - si Fraen tëscht 30 a 50 Joer. Männer sinn och alt Mol betraff, sinn awer däitlech an der Minoritéit. Déi meescht Leit, déi kommen, hunn e gudde Bildungsniveau, well fir iwwerhaapt bis dohin ze kommen, muss een eng gewëss Autonomie hunn, d’Sprooch verstoen, sech fräi kënnen deplacéieren an alles an d’Weeër leeden, erkläert d'Dokter Schaul.

De Service méi bekannt maachen

E groussen Defi wier et, den Umedo nach méi bekannt ze maachen. Grad a schwierege Milieuen, notamment bei Flüchtlinge wier de Service bal guer net bekannt. Do géing de Kontakt duerch Hëllefsorganisatiounen entstoen an d’Verstännegung dann iwwer Dolmetscher um Telefon. Den Umedo selwer wier leider relativ begrenzt an de Moyene fir sech selwer méi bekannt ze maachen. 
Donieft wier et dacks och op engem perséinlechen Niveau schwéier, well een d’Affer meeschtens an déi nämmlecht Situatioun entléisst aus där se kommen. Et géing een natierlech d’Confidentialitéit garantéieren, och duerch de Secret médical, mee et géing een och versichen, duerch de Kontakt d’Leit ze sensibiliséieren, fir dass si weider Hëllef an Usproch huelen. Wéi vill Leit duerno wierklech d’Dokumentatioun vum Umedo huelen, fir bei d’Police ze goen an eventuell Plainte ze maachen, dat wéisst een net. Et wéisst ee just, dass iwwer 7 Joer gekuckt, 28 Prozent vun de Leit sech eng Kopie vum Dossier gefrot hunn, seet d'Cheffin vum Service, d'Martine Schaul.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.