Opportunitéite vun der Energietransitioun
En Dënschdeg de Moie war d'Energietransitioun Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De Blackout a Spuenien a Portugal wier schonn aussergewéinlech an et misst ee sech mat der Fro vun der Energienfrastruktur auserneesetzen. Dat sot den Direkter vun der Klimaagence, de Fenn Faber en Dënschdeg de Moien hei op RTL. A sengen Ae wier d’Ausgangspositioun hei am Land relativ gutt, mee technesch Pannen a groussflächeg Ausfäll kéint een ni ausschléissen.
De Reseau wier "méi wichteg ewéi jee", esou de Fenn Faber weider. Et géing drëm goen, "Redundanzen" an engem "intelligente" Reseau ze schafen. Et ass och fir d’Reseauskäschten ze decken, datt den Institut national de régulation eng nei Tarifstruktur formuléiert huet, déi zanter dem 1. Januar a Kraaft ass. Fir gewëss Verbraucher ass de Stroum méi deier ginn, wann e säi Konsum net upasst.
"Natierlech ginn et Leit, déi sech beschwéieren", esou de Fenn Faber. D’Klimaagence an d’Bedreiwer hätten awer éischter "en Interessi" festgestallt: vill Leit géinge sech renseignéieren, fir ze wëssen, ewéi se sech kéinte verhalen.
Dem Direkter vun der Klimaagence no wier de Kader fir d’Energietransitioun elo gesat. Engersäits géing d’Konkurrenz gestäerkt ginn: d’Zouliwwerer géingen nei Produiten ubidden an de Leit Opportunitéiten ubidden, fir d’Käschten erofzedrécken. De Fenn Faber huet d’Leit invitéiert, de "Calculix" vum ILR ze consultéieren.
Eege Produktioun, wou se sënnvoll ass
Käschte reduzéiere kéint een op der anerer Säit duerch déi eege Produktioun, ewéi zum Beispill mat Photovoltaik: wann ee säi Stroum selwer produzéiert an zum Beispill fir d’Opluede vum Elektroauto benotzt, da kéint een den eegene Verbrauch "optiméieren" an de Reseau manner gebrauchen, déi sougenannt "peaks" reduzéieren an esou manner Zousätz bezuelen.
Bei der Photovoltaik ginn d’staatlech Subsiden ofgeännert, d’Gesetz ass um Instanzewee. D’Fro, ob méi kleng Wunnengen net vun der Hëllef ausgeschloss ginn, well Anlage vun ënner 3KW (peak oder crête) vun der Hëllef ausgeschloss ginn, wier "pertinent". De Fenn Faber sot awer: "et geet jo och drëms ze kucken, wéini ass en Investissement dann och sënnvoll an effizient?".
Bei esou Menagë misst ee kucken, ob ee beim selwechte Budget fir eng PV-Anlag net besser huet, an eng aner "Transitiounsmesure" z’investéieren, ewéi zum Beispill eng besser Isolatioun. Den Direkter vun der Klimaagence huet och op aner nei Opportunitéiten higewisen ewéi "Energiekommunautéiten", wou ee mat den Noperen de Stroum deelt. Zwee Volete misst een ëmmer kucken: d’Rentabilitéit an ewéi sënnvoll den Invest ass.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.