E Méindeg de Moie waren d'Eskalatioun am Noen Osten an den Asaz vun der Nationalgard an den USA Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Sou vill Kricher beieneen hunn ech a menge bal 20 Joer als Ausseminister net gesinn. Dat sot de Jean Asselborn als eisen Invité vun der Redaktioun. Den zousätzleche Konflikt tëscht Israel an dem Iran wier Gëft fir eng Regioun, déi souwisou schonn onroueg ass. Israel hätt schonn an der Vergaangenheet den iraneschen Atomprogramm attackéiert, mee déi Kéier, an dat wier kloer, wéilt den Netanyahu méi. Hie wéilt e Regime-Changement am Iran. Wéi een awer aus Erfarung weess, wann een e Regime-Changement imposéiert, da weess een net, wat ee kritt. Beispiller wieren den Irak a Libyen.

Den Netanyahu géing fonctionéieren nom Prinzip "J'attaque, donc je suis". Gaza, Syrien, Libanon: wann den israeelesche Premier e Krich ufänkt, da kann hien net méi stoppen. An de Krich a Gaza hätt scho längst misse gestoppt ginn. Do géing keng Gefor méi bestoe fir Israel.

"An duerfir sinn ech, wéi gesot, extreem skeptesch, dass dat doten net kéint eng weider grouss Erausfuerderung fir den Noen Oste ginn a fir d'Welt", sou de Jean Asselborn. Donieft kéint een och net aschätzen, wéi sech d'Amerikaner ënnert dem Trump verhalen. Op alle Fall wier kloer, dass den Iran keng Atombomm däerf kréien. Fridde kann et nëmmen duerch Verhandlunge ginn.

An der Aussepolitik muss ee sech entscheeden: entweder Fësch oder Fleesch, kee Jelli

Wat de Krich an der Gazasträif ugeet, do géif Israel e ganz schlecht Bild ofginn. Et wier grausam, wa Kanner erschoss ginn, well se eppes fir z'iesse wëllen hunn. Iergendwa kéim och de Moment, wou dat, wat a Gaza geschitt, als Krichsverbriechen ugesi gëtt, seet de Jean Asselborn. Hie plädéiert zanter Jore fir eng Unerkennung vu Palästina als Staat.
"A sou laang wéi d'Palästinenser hire Staat net hunn, gëtt et kee Fridden, weder fir Israel nach fir déi ganz Regioun."

Am Mee 2024, wéi Spuenien, Irland an Norwegen op de Wee gaange sinn, fir Palästina unzëerkennen, hätt Lëtzebuerg onbedéngt missen derbäi sinn.
"Wësst Der, an der Aussepolitik muss ee Fësch oder Fleesch sinn, jo, eng Säit oder déi aner Säit sinn, et kann een net Jelli sinn."

Israel kritt ni Konditioune gesat

Et wier wichteg, eng kloer Positioun ze hunn an net nees tëscht de Fronten ze zirkuléieren. Och déi Konditiounen, déi d'Lëtzebuerger de Palästinenser setzen, fir si als Staat unzëerkennen (Deradikaliséierung an Entwaffne vun der Hamas, Bedeelegung vun den arabesche Staaten um Nees-Opbau vun der Gazasträif) wiere praktesch net ze erfëllen. Den Netanyahu hätt 20 Joer näischt weider gemaach, wéi Koloniepolitik weider ze dreiwen a fir doduerch ze verhënneren, dass een zu enger Zwee-Staate-Léisung kënnt.

"Also ech mengen net, dass et ganz raffinéiert ass, sech dorobber ze verloossen, fir eleng de Palästinenser Konditiounen ze stellen. D'Welt ass déi, déi se ass."

Fir z'evitéieren, dass een net nach emol ee 7. Oktober 2023 erlieft, misst ee méi déif goen an de Palästinenser hiren eegene Staat ginn.

Kritik an der Chamber: klenge Lëtzebuerger Bulli

D'Kritik, déi d'lescht Woch an der Chamber vum Laurent Mosar (CSV) a vum Gusty Graas (DP) koum, dass Palästina ënnert him als Ausseminister jo hätt kënnen unerkannt ginn als Staat, léisst den Invité net gëllen. Et wier e Witz, dass Leit aus der zweeter oder drëtter Garnitur, voir carrement aus der drëtter Rei vun deenen zwou Parteien, dat géinge behaapten an him bemol géingen d'Schold ginn. Dat wier "Lëtzebuerger klenge Bulli". Et hätt a kenger vun der viregte Regierungen eng Majoritéit ginn, fir eng Unerkennung vu Palästina, sou den Jean Asselborn.

Demokratie an den USA ass um Wackelen

De Motto "No Kings" vun de rezente Protester uechter d'USA géing gutt passen, seet den Invité. D'Leit hätten d'Gefill, gedriwwen ze gi wéi an Däitschland 1939 a si wéilte Frankräich 1789. Et wier eng grouss Revolt do géint de Broch vum Rechtsstaat. Amerika wier déi eelsten Demokratie op der Welt a se wier um wackelen. Dofir wier et wichteg, dass d'Leit sech dogéint wieren an hie géing hoffen, dass et eppes bréngt, sou den Ex-Ausseminister Jean Asselborn.

Invité vun der Redaktioun: Jean Asselborn

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.