En Dënschdeg de Moie war ënner anerem d'Gemeng Schëffleng Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

8 Joer laang stoung de Paul Weimerskirch un der Spëtzt vun der Gemeng Schëffleng. Den 1. August hält hien als Buergermeeschter op, mat engem A, dat kräischt, an engem, dat laacht. Dat sot den CSV-Politiker en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. De Carlo Feiereisen (LSAP) iwwerhëlt, dat war ewell bei de Gemengewalen esou ofgemaach. 
 
Schëffleng ass amgaangen seng Schouloffer auszebauen, net nëmme kritt d’Südgemeng op Huddelen eng nei Primärschoul, ma niewendrun entsteet um Campus "op Fléierechen" déi mëttlerweil 7. Europaschoul am Land. D’Iddi fir déi zu Schëffleng opzemaachen, wier duerch Zoufall entstanen, well op där Plaz mam Ausbroch vum Krich an der Ukrain ewell ukrainesch Kanner an d’Schoul gaange sinn. Doriwwer wier de Kontakt mam Educatiounsministère zustane komm.

Europaschoul passt op Schëffleng 

Eng Europaschoul géif gutt op Schëffleng passen, ënnersträicht de Paul Weimerskirch, deen an der Beschoulung op Englesch oder Franséisch eng Chance gesäit. Schëffleng huet um Pilotprojet Alpha (Alphabetiséierung op Franséisch an der Grondschoul) deelgeholl, an dat wier e Succès: "Et ass e Projet, wou Kanner, déi soss Schouldefiziter haten oder en échec scolaire erlieft hunn, elo mat no vir kënne kommen. An et ass eng Saach vu Chancëgläichheet. Ech weess, dass net jiddwereen dat akzeptéiert, dass eng duebel Alphabetiséierung gemaach gëtt. D'Leit léieren och net franséisch, mee si léieren op franséisch Wierder ze kennen, soudass se besser herno Sprooche kënne liesen a schreiwen och léieren."
 
Méi problematesch gesäit de Buergermeeschter sortant d’Situatioun an de Maison Relaisen, wou d’Plaze bei wäitem net duerginn. Och do hätt ee sech vill Gedanke gemaach, ma duerch d’Pandemie wiere vill Projeten a Verspéidung: "Mir hunn net déi Méiglechkeete gehat, déi mer eigentlech brauchen. Mir sinn elo an enger Situatioun, dass mer bal 1.200 Schüler an eisem Fondamental hunn. Vun deenen 1.200 Schüler profitéieren der 400-450 vun de Servicer vun der Maison Relais. Mee mir hunn eng Waardelëscht, effektivement, déi bal duebel sou grouss ass."

Wéini mat méi Plazen ze rechnen ass, dorop wollt de Paul Weimerskirch sech net festleeën. 
 
TICE: net kloer, ob Plaze gestrach ginn

Vill Froe bleiwen och nach bei der Iwwernam duerch de Staat vum interkommunalen Transportreseau TICE. D’lescht Woch war bekannt ginn, dass dorausser e gemëschte Syndikat gi soll. De Staat bedeelegt sech iwwer 10 Joer mat bis zu 700 Milliounen Euro, d’Gemenge mat maximal 150 Milliounen. Ob Aarbechtsplaze gestrach ginn, wier aktuell nach net kloer. Fir de Paul Weimerskirch stellt sech awer och d’Fro, ob een an Zukunft Gemengesyndikater net misst anescht organiséieren.
 
Sozialdialog: "et huet keen d’Wourecht eleng gepacht"

Mat Bléck op de Sozialdialog ass et vum Schëfflenger Buergermeeschter sortant de Constat, dass et net dee Sozialdialog wier, "dee mir kennen". Et wier een an enger schwiereger Zäit, a keen hätt d’Wourecht a Sozialfroe gepacht. D’Situatioun wier net glécklech gewiescht. An deem Sënn hätt de Marc Spautz mat senger Kritik "net onrecht".



Invité vun der Redaktioun: Paul Weimerskirch

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.