ArcelorMittal Lëtzebuerg : "Investéieren, mee och Käschte kontrolléieren"
En Donneschdeg de Moie war d'Stolindustrie Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Mir mussen assuréieren, datt mir permanent kompetitiv sinn." Dat huet déi nei Cheffin vun ArcelorMittal Lëtzebuerg, d'Valérie Massin hei op RTL deklaréiert. Ufanks Oktober ginn d'Gespréicher tëscht dem Stolkonzern, der Regierung an de Gewerkschaften un, fir d'Zäit nom LUX2025 ze verhandelen.
De leschten Accord hat Investissementer, mee och Plazenofbau virgesinn. Ginn dës Kéier nees Plazen ofgebaut? D'Valérie Massin huet dat hei geäntwert: "Ce qui est sûr, c’est que nous devons au Luxembourg, comme d’ailleurs dans toute la sidérurgie européenne, assurer d’être à tout moment compétitif."
Et misst ee proaktiv sinn: Engersäits investéieren, mee gläichzäiteg d’Käschten ënner Kontroll halen. Aus dem Interview huet een awer eraushéieren, datt besonnesch d’héich Standarden oder d'CO2-Steier an der EU e Problem fir d'europäesch Stolindustrie wieren. Oder ëmgedréint: déi héich Douanestariffer an den USA an déi niddreg Standarden am Ausland.
Belval, Déifferdeng a Rodange an enger gudder Positioun
ArcelorMittal Lëtzebuerg wéisst schonn, wou een no 2025 hiwéilt oder, wat d'Ziler sinn, mee virun de Verhandlungen iwwert den nächste LUX-Accord kéint si nach keng Detailer nennen, esou d'Valérie Massin. Allerdéngs hu mir si op déi gutt finanziell Resultater vun de gréisste Sitten hei am Land – Belval an Déifferdeng – higewisen. D’country head fir Lëtzebuerg huet zouginn: "et kann ee soen, datt mir op eise Lëtzebuergesche Produktiounssitten eng gutt Aktivitéit hunn".
Well d’europäesch Unioun méi an d’Infrastruktur an d’Defense wëll investéieren, wieren och d'Perspektiven "éischter gutt". An deene Beräicher wieren d’Lëtzebuerger Sitten an enger "Féierungspositioun". Déifferdeng mat de sougenannte "sections" a "jumbo beams", Belval mat de Palplanchen a Rodange mat de Schinnen.
D'Valérie Massin huet och drop higewisen, datt duerch d'Installatioun vun engem neien Uewen um Belval, d'Produktioun ëm ronn 15% géing eropgoen. D'Käschten an d'CO2-Austéiss vum ganze "Cluster" am Süde vum Land géingen iwwerdeems erofgoen.
"Ongläich Konkurrenz" mat China an USA
Trotzdeem misst een an hiren Ae "ganz virsiichteg" si wéinst engem "zimmlech schwierege" geopolitesch Ëmfeld, dat d’Investisseuren an d’Marchéë géing veronsécheren. D’Valérie Massin huet mam Fanger op d’Douanestariffer aus den USA gewisen, mee och all déi aner Produiten, déi soss op den amerikanesche Marché "ofgeschott" goufen, elo géinge riskéieren den europäesche Marché z’iwwerschwemmen.
D'europäesch Stolindustrie hätt et mat enger "ongläicher Konkurrenz" ze dinn an déi géing ee gutt um Site vu Biissen spieren: Do wou Kabele vu verschidden Zorte produzéiert ginn, mee d'Zukunft ongewëss bleift. D’Produkter vu Biissen wieren net duerch "mesures de sauvegarde" géint Importer geschützt, déi méi bëlleg wieren.
"Dat ass eng Diskussioun, déi mat der EU-Kommissioun amgaang ass", esou d'Valérie Massin. Antëscht wier d’Iwwerleeung fir Biissen op Produiten ze "reorientéieren" oder ze "konzentréieren", bei deenen ee kéint géint d’Konkurrenten ukommen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.