CGFP: Drëtt Sozialronn war "fir d'Kaz"
E Méindeg de Moie war de Sozialdialog Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Gewerkschafte sinn alles anescht ewéi zefridde mam Resultat an dem Verlaf vun der drëtter a leschter Sozialronn, och d’Staatsbeamtegewerkschaft CGFP. "Et ass e Schlag géint de Lëtzebuerger Sozialmodell. Ech froe mech, wéi et weidergeet, wéi dat soll relancéiert ginn", dat sot de CGFP-President Romain Wolff am RTL-Interview e Méindeg de Moien iwwer d'Reunioun tëscht Gewerkschaften, Patronat a Regierung. Wat moies a Saache Renten um Dësch louch, wier mëttes um 16 Auer, wéi Schluss gemaach gouf, nach ëmmer dat nämmlecht gewiescht. D'Ronn wier deemno fir d'Kaz gewiescht. D’Resultat no der 3. Ronn war eng Verlängerung vun der Aarbechtszäit vun 8 Méint, opgedeelt op déi nächst 5 Joer, eng Kotisatiounserhéijung vu jee engem hallwe Prozentpunkt fir Staat, Patronat a Salariat a steierlech Ureizer fir eng privat Altersvirsuerg. Ob dat duergeet, weess de Romain Wolff net, ma a sengen Aen hätt d’Regierung och kee Mandat gehat, fir iwwerhaapt eng Pensiounsreform unzegoen. Dass eppes misst gemaach ginn, dat hätt allerdéngs kee kontestéiert, mee d'Aart a Weis wier falsch:
"A bon, elo sëtze mer zesummen an da gëtt awer zum Schluss bemol gesot: okay, elo iwwerhuele mir eis Verantwortung. Well ech fannen déi lescht Ronn, déi mer elo gedréit hunn, wann ech kucke wat moies um zéng op den Dësch komm ass, wat d'Pensiounen ubelaangt a wann ech kucke wat mëttes um hallwer véier, wou d'Regierung gesot huet, bon, dat gëtt souwisou näischt, dat war hoergenee dat selwecht (…). Dann hätt een einfach solle soen ‘do ass et, sidd der domat d’accord? Nee, sidd der net d’accord? Okay, dann hale mir direkt erëm op’. Dat war eigentlech fir d’Kaz".
CGFP: Regierung hätt Texter wuel schonn am Virfeld preparéiert
De Romain Wolff huet och de Verdacht, datt Texter souwisou scho fäerdeg waren, soss kéint een d'Gesetzer net esou séier op den Instanzewee bréngen, wéi d'Regierung dat elo wëlles huet: "Wann een nach net dru geschafft huet, dat ass eppes, wat ech net gleewen, menge mir no ass doru geschafft ginn, menge mir no sinn déi Texter fäerdeg an déi wäerten elo ganz séier kommen. An ech hoffe jo just, datt net verschidden Dispositiounen an iergendeen anert Gesetz mat erafléissen. Ech denken hei un d'Budgetsgesetz. Mir haten dat jo bei der Securité an der Fonction publique, datt elo op eemol zum Beispill eng Augmentatioun vun de Kotisatiounen do an dat Gesetz kënnt. Da maacht, fannen ech, e separat Gesetz. Mee ech gleewen net, datt do net schonn intensiivst dru geschafft ginn ass."
A sengen Aen hätt ee bei de Pensioune kënnen en Accord fannen, ma d’Regierung wier beim sougenannten Ajustement (Upassung vun de Renten un d’Entwécklung vun de Salairen) zeréckgeruddert. Et ass dobäi bliwwen, dass deen Ajustement vun der finanzieller Lag vun de Pensiounskeesen ofhänkt an zeréckgeet, wann d’Recetten zeréck ginn. Dat wier virun der Vakanz anescht beschwat ginn.
Maximalrent jo, awer kee konkrete Montant
D’CGFP hat am Virfeld vun den Diskussiounen eng Maximalrent fir d’Staatsbeamten an d’Spill bruecht, ma um Méindeg de Moie wollt de President sech hei net op e Montant festleeën: "Et ass net un eis, fir dat do ze decidéieren. Dann hätt d'Regierung mussen déi Diskussioune weiderféieren, wat se net gemaach huet". Dass et aktuell e groussen Ecart tëscht de Pensiounen am Privat- an ëffentleche Secteur gëtt, kéint een allerdéngs net vun der Hand weisen. D'CGFP hätt allerdéngs dofir plädéiert, de Kotisatiounsplaffong am Privatsecteur opzehiewen.
Pessimistesch Wuesstemsprevisiounen um Aarbechtsmarché
De Lëtzebuerger Pensiounssystem ass ëmlagebaséiert. Déi Leit, déi elo schaffen, bezuelen d’Pensiounen. An der Vergaangenheet gouf dofir e Wuesstem vun ongeféier 3 Prozent um Aarbechtsmarché uviséiert, fir de Sozialsystem kënnen ze finanzéieren. Dee Marché ass allerdéngs zanter 2022 agebrach, de Statec gesäit a senger Note de Conjoncture vum Juni fir dëst Joer am optimisteschen Zenario e Wuesstem vun engem Prozent beim Emploi, d’nächst Joer maximal 1,5 Prozent.
Maachen déi Zuelen der CGFP Suergen?
De Romain Wolff betount, dee Wäert vun 3 Prozent Wuesstem, dee benéidegt gëtt, kéim vum UEL-President Michel Reckinger, mee: "(...) d'Recettë vum Staat steet jo elo eng Steierreform un, déi soll jo 900 Milliounen Euro kaschten. Elo gëtt jo ganz vill och investéiert an d'Defense, dat kascht och Milliounen a Milliounen, Honnerte vu Milliounen, géif ech soen. An da stellen ech mer ëmmer d'Fro, wou d'Geld effektiv soll hierkommen, fir dat do alles ze finanzéieren. Do wier et och emol eng Kéier interessant, dat vun deenen zoustännege Ministeren ze héieren. Vläicht ass méi Geld do, wéi mer mengen. Ech weess et net, mee si sollen eis et emol soen".
Ob et weider gewerkschaftlech Aktioune ginn, wollt de Romain Wolff am Interview net soen. Um Méindeg de Moie kéim de Comité vun der CGFP beieneen. Fakt wier awer, dass et keen Accord gëtt.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.