En Donneschdeg de Moie war ënner anerem de Konflikt am Noen Osten Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Et wier him "egal" ob den Avortement als Recht oder Fräiheet an der Verfassung steet, Haaptsaach et steet dran. Dat huet de Vizepremier Xavier Bettel en Donneschdeg de Moien hei op RTL deklaréiert. En Donneschdeg huet de Luc Frieden als CSV-Parteipresident erkläert, seng Partei hätt et léiwer als Fräiheet an der Verfassung ewéi als Recht.

Dem Xavier Bettel no misst ee verhënneren, datt "eng Majoritéit vun 31" Deputéiert enges daags kéint d’aktuellt Gesetz iwwert d’Ofdreiwung einfach kippen.
 
De Xavier Bettel wënscht sech, dass et eng "breet Zoustëmmung" an der Chamber gëtt, och wann dat ouni ADR ass, fir datt esou den Avortement net méi a Fro gestallt gëtt. 
 
Dem Kardinol Jean-Claude Hollerich, deen e Samschdeg bei eis op RTL schaarf Kritik ausgedréckt a gefrot hat "ma wou si mir dann?", huet de liberale Vizepremier geäntwert: "mir sinn am Joer 2025 an net méi 1700".

Sozialronn (Tripartite) war "extrem an extrem"

Op der Sozialronn vum 3. September, déi hien op en neits als Tripartite bezeechent huet, wier et "extrem an extrem" tëscht Gewerkschaften a Patronat gewiescht. De Xavier Bettel huet esou op d’Ausso vun der OGBL-Presidentin Nora Back e Mëttwoch hei op RTL reagéiert, datt een duerchaus nach hätt kënne weider verhandelen. De Vizepremier huet zouginn, datt een nach "doudsécher" oder "vläicht" op eenzele Punkten hätt kennen en Akkord fannen. Hien huet dowéinst och drop verwisen, datt de Premier, den Aarbechtsminister an de Wirtschaftsminister d’Dir op hätten fir weider mat de Gewerkschaften ze schwätzen.
 
Op d’Fro, ob et net normal ass, datt d’Gewerkschaften defensiv sinn, well d’Léisungen, ewéi sech d’CSV an DP virstellen, hinne bal kee Choix loossen, huet de fréiere Premier geäntwert, datt eng "Tripartite" keng Veranstaltung wier, fir eppes ze gewannen. Et géing drëm goen, Aarbechtsplazen ze sécheren. Hien hätt ëmmer probéiert, de Patronen ze soen, datt et de Betriber gutt geet, wann hir Leit sech wuelfillen. A wann d'Leit sech wuelfillen, geet et de Betriber gutt.
 
De Vizepremier huet och nach emol betount, datt d’Regierung kee Mandat hätt, fir eng grouss Pensiounsreform, well dat kee Sujet am Walkampf war. D’Mesuren, déi d’Regierung elo festgehalen huet, ginn net wäit, mee wieren néideg, well d’Zuelen et weise géingen. Eng Reform wier sécher Thema am nächste Walkampf an hie wéisst schonn, mee wollt awer nach net soen, wat hie gär am nächsten DP-Walprogramm stoen hätt.

Palästina unerkennen, Israel sanktionéieren...

D’EU-Kommissioun huet e Mëttwoch Sanktioune géint Israel proposéiert a Lëtzebuerg géing déi Proposen ënnerstëtzen, esou de Luc Frieden. Wat d’Sanktioune géint extremistesch Ministeren a brutal Siidler ugeet, war de Xavier Bettel als Ausseminister awer kloer: dat géing duerch Länner ewéi Däitschland blockéiert ginn. 
 
D’Avantagë bei den Douanestariffer mat Israel suspendéieren, dat par konter kéint a sengen Ae Realitéit ginn, well do just déi qualifizéiert Majoritéit am Conseil néideg ass.
 
Lëtzebuerg wäert d’nächst Woch op der UNO Vollversammlung zu New York Palästina och offiziell als Staat unerkennen. Den Ausseminister huet erkläert, firwat dat elo geschitt an net éischter: elo géinge méi Länner dat maachen an et géing elo méi Garantië gi vu weideren arabesche Länner, -ouni de Katar ze nennen, huet hie kloer vum Katar geschwat - datt déi radikal islamesch Hamas keng Roll méi dierf hunn an desarméiert misst ginn.

... mee gläichzäiteg "israeli Bonds"

D’EU a Lëtzebuerg wëllen also elo Drock op déi israeelesch Regierung maachen. Ma den 1. September huet d’Finanzopsiicht CSSF gréng Luucht ginn, fir datt israeelesch Scholde kënnen um europäesche Marché verkaf ginn an Israel esou de Krich ka weider finanzéieren. Nodeems d’CSSF per Bréif an an der Chamber Finanzkommissioun de Ball a Richtung Xavier Bettel geschoss huet, huet de Libero Xavier Bettel eng Volley gemaach: "Wann ech mech elo géing woen ze soen – also perséinlech hunn ech meng Meenung – mee als Minister ze soen, wat si (CSSF) ze maachen hätten, da géing ech muer nees gesot kréien, dat wier net meng Roll hinnen ze soen, wat se ze maachen hunn".
 
Hien huet drop higewisen, datt d’Finanzopsiicht och virun hirer Decisioun den 1. September den Ausseministère net consultéiert huet, fir réischt zwou Woche méi spéit e Bréif ze maachen. A vum Ausseminister gouf ee gewuer, datt d’Lëtzebuerger Regierung "heiansdo schonn" d’Kritik vun der europäescher Zentralbank kritt hätt, datt d’CSSF der Regierung ze no stéing an net selbststänneg wier. 
 
De Xavier Bettel wéisst, wat hie géing decidéieren. Hien huet op dat internationaalt Geriicht higewisen, dat iwwerpréift, ob Israel mat engem Genozid a Gaza amgaang ass an ob d’EU-Kommissioun, mä och d’Regierung, déi Sanktioune preparéieren. A sengen Ae wier d’CSSF frou gewiescht "d’patate chaude" weiderzeginn. 

Troun- a Pultwiessel

Op der UNO-Vollversammlung hält de Premier Luc Frieden d’nächst Woch d’Ried fir de Grand-Duché. D’nächst Joer wier et dem Ausseminister säin Tuer gewiescht. "Gewiescht", well de Xavier Bettel huet en Donneschdeg de Moien am Interview ugekënnegt, datt hien dem dann neie Grand-Duc Guillaume seng Plaz géing iwwerloossen.

Invité vun der Redaktioun: Xavier Bettel

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.