"Mir mussen eis Kompetitivitéit an eis kollektiv Sécherheet stäerken"
Dat ass den Appell vum europäesche Rotspresident Antonio Costa deen e Mëttwoch zu Lëtzebuerg op Visitt beim Premier Luc Frieden war.
De Portugis mécht den Ament den Tour vun de 27 Haaptstied, fir d'politesch Rentrée zu Bréissel virzebereeden. Dat Ganzt an engem schwieregen Ëmfeld.
"La paix en Europe est en risque avec la menace russe. Il faut faire face à l'instabilité des relations transatlantiques. Et il ne faut faire face aux défis commerciaux que la Chine et d'autres nous posent", sou den Antonio Costa.
Dofir missten zwou Prioritéiten ugepaakt ginn: Eis kollektiv Sécherheet an d'Kompetitivitéit, respektiv de Bannemaart misste gestäerkt ginn. Vun der Rentrée u soll bei jiddwer EU-Sommet een Thema no bei de Leit ugepaakt ginn. Enn Oktober wäert et de Logement sinn, dee jo och hei am Land zu den Haaptsuergekanner gehéiert.
Lëtzebuerg erkennt de Staat Palestina un
Eng Entscheedung, déi den EU-Rotspresident begréisst. Bis Enn nächster Woch wäert eng Majoritéit vun de 27 EU-Länner dee Schrëtt maachen, sou den Antonio Costa.
De Premier Luc Frieden huet e Mëttwoch op der Pressekonferenz, déi europawäit iwwerdroe gouf, bestätegt, datt Lëtzebuerg, nieft anere Staaten aus der EU, e Méindeg zu New York de Staat Palestina unerkenne wäert. De Premier huet an deem Kontext en Dënschdeg den Owend mam israeelesche President Isaac Herzog telephonéiert.
"Le Luxembourg est et restera un ami d'Israël. Nous avons reconnu l'État d’Israël après sa création en 1948. Nous mènerons un combat fort, comme nous l'avons toujours mené, contre l'antisémitisme à Luxembourg et ailleurs en Europe. Mais en même temps, nous souhaitons que les deux États, les deux peuples, puissent vivre en paix l'un à côté de l'autre. Et c'est dans ce contexte que c'est bien que nous en discutions aussi au niveau européen, puisqu'ensemble, comme en Ukraine, nous voulons que les valeurs et le droit international soient respectés", sou d’Erklärung vum Luc Frieden.
Sanktioune géint Israel - Lëtzebuerg ënnerstëtzt "an de grousse Linnen" d'Proposen, sou de Luc Frieden
D'EU-Kommissioun huet e Mëttwoch Sanktioune géint extremistesch Membere vun der israeelescher Regierung, brutal israeelesch Siidler an awer och géint d'radikal islamesch Hamas proposéiert. Donieft sollen Handelsvirdeeler mat Israel suspendéiert ginn.
Lëtzebuerg ënnerstëtzt an de grousse Linnen d'Proposen vun der Kommissioun, fir Drock op Israel ze maachen, esou de Premier Luc Frieden e Mëttwoch de Mëtten op enger Pressekonferenz am Sennenger Schlass, wou hien den EU-Rotspresident Antonio Costa op Besuch hat.
Alle Béid hu betount, datt d'terroristesch Attack vun der Hamas vum 7. Oktober 2023 inacceptabel ass, mee d'israeelesch Regierung a sengem Krich a Gaza ze wäit gaange wier. Béid waren och zouversiichtlech, datt d'EU och da virukënnt wann net all d'EU-Memberstaaten mat de Sanktiounen averstane sinn. Am Moment deet sech besonnesch Däitschland schwéier mat der Iddi.