Et feelt e roude Fuedem bei der Integratioun vu Flüchtlingen
Um Donneschdeg de Moie waren d'Flüchtlingen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Wou sti mer haut 10 Joer no der Flüchtlingskris? Hei zu Lëtzebuerg feelt et eis do un Donnéeën, kritiséiert d'Laura Zuccoli. D'Biergerrechtlerin déi bei der ASTI, bei Médecins du monde a bei dem Lëtzebuerger Flüchtlingsrot aktiv ass, erkläert, dass een an Däitschland Etüden doriwwer hätt. Do geet ervir, dass 70 Prozent vun de männleche Syrer mëttlerweil eng Aarbechtsplaz hunn an 29 Prozent vun de Fraen. Si schaffe gréisstendeels an der Fleeg, der Logistik an am Transport. Et wier eng speziell Politik gemaach ginn, fir si am ländleche Raum ënner Daach ze kréien.
Vill positiv Initiativen, déi duerno awer net weidergefouert ginn
Och am Grand-Duché hätt et eng grouss Solidaritéitswell ginn. 80 Projete wiere vun der Oeuvre ënnerstëtzt ginn, mee déi meescht dovunner hu mussen ophalen, well et keng finanziell Méiglechkeete méi gouf. Donieft gouf ee Parcours d'intégration vum Ministère op d'Bee gestallt, deen et mëttlerweil och net méi gëtt. D'Leit wéilten zwar eng Hand mat upaken, mee duerno géingen net genuch politesch Mesuren nokommen. Zum Beispill géinge Leit, déi Ukrainer bei sech opgeholl hunn, keng Ënnerstëtzung méi kréien. Et géingen also vill eenzel Initiative vun Associatioune ginn an d'Politik misst dofir suergen, dem Ganzen e roude Fuedem ze ginn. Et wier zum Beispill wichteg, wa Flüchtlingen ukommen, ze kucken, wat hire Projet de vie ass. Wa se wéilten am Handwierk eng Plaz fannen, an engem Beräich wou virop Däitsch geschwat gëtt, hätt et kee Sënn, si a Franséischcoursen ze schécken.
Duerch d'Aarbecht integréieren: ADEM an Aarbechtsminister gefuerdert
Aarbecht wier extrem wichteg, fir d'Leit an d'Gesellschaft z'integréieren. Et misst een d'Leit direkt aktivéieren, wa se ukommen. Da wiere se nämlech am oppenste fir all Integratiounsmesuren. D'ADEM hätt souguer een extra Service deemools geschaaft, fir de Flüchtlinge bei der Aarbechtssich ze hëllefen. Mee dee wier ofgeschaaft ginn, ausser fir d'Ukrainer. "Dat ass e Problem" sou d'Invitée. Et wier jo ganz positiv, dass d'Regierung et den Ukrainer méi liicht gemaach huet fir sech z'enregistréieren iwwert e Guichet unique. An och, dass se dierfen am Land bleiwen, wa se bis eng Aarbechtsplaz fonnt hunn, mee dat wier all deenen aneren net erlaabt. An dat géing dem Zesummeliewe schueden. "Firwat net dat gutt Beispill vun den Ukrainer huelen? A mir maachen dat fir jiddwereen?", proposéiert d'Biergerrechtlerin. D'ADEM misst sech zesumme mam Aarbechtsminister dorëm beméien. Aarbechte géing et genuch ginn. Eis Gesellschaft gëtt ëmmer méi al an et géinge Leit aus Polen an aus Rumänien komme gelooss ginn, fir eeler Leit hei ze versuergen. Dobäi wiere scho genuch Leit am Land, déi dat kéinte maachen, déi just déi néideg Formatiounen bräichten.
Mir hu vill Better an de Strukturen, mee d'Leit kommen net do eraus
Lëtzebuerg hätt eigentlech genuch Plaz an de Flüchtlingsstrukture mat ronn 8.300 Better. De Problem wier, dass een d'Leit net do rauskritt. Iwwer d'Hallschent vun de Plazen an den Heemer wiere Leit, déi schonn de Flüchtlingsstatut hätten, mee déi néierens eng aner Plaz fannen. Et dierft een nämlech net vergiessen, dass ee mam Statutt net an d'Ausland dierf goen. D'Openthaltsgeneemegung géing just fir de Grand-Duché gëllen. Et géing einfach un abordabele Wunnenge feelen. Net just fir d'Flüchtlingen, mee och fir d'Migranten a fir déi aarm Lëtzebuerger. Do wieren och d'Gemenge gefuerdert. Misst et do eng obligatoresch Opnam-Quote pro Gemeng ginn? Jo, fënnt d'Laura Zuccoli, well vum selwe géing et jo net goen. Et bräichte jo keng grouss Strukture sinn, mee kleng Plazen, wou d'Leit gutt am lokale Liewe kënnen agebonne ginn. Och fir d'Migranten ass de Logement e grousse Problem. Ouni fix Adress géinge se quasi all hir Rechter hei am Land verléieren. Dofir géingen et wéi bei den Holdinge mat de Bréifkëschten, einfach Schwaarzmäert ginn, fir eng Adress ze kréien. Fir eng Persoun aus engem EU-Land oder e Lëtzebuerger géing den Office social eng Adress zur Verfügung stellen, fir all déi aner net. Souguer wann de Bierger vläicht schonn 20 oder 30 Joer hei am Land lieft, erkläert d'Biergerrechtlerin.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.