Jonk Irakerin kritt trotz Vollzäitjob keen Asyl

© RTL Archivbild
Eng Aarbecht ze hunn a sech integréiert ze hunn, geet net duer fir dierfen am Grand-Duché Fouss ze faassen.
"Ech hu Lëtzebuerg gär. Wierklech immens gär", seet d’Fra Ufank 30 aus dem Irak. Beim Gespréich virum Interview gëtt si sech Méi, Lëtzebuergesch ze schwätzen. Ma si kritt sech nach net esou gutt ausgedréckt wéi am Engleschen a wollt dofir léiwer an dëser Sprooch op d’Froen äntweren.
Eng fënnef Joer ass et hier, zanter dass si mat hirem Mann an hirem Fils an d’Land komm ass. Et huet e Strapp gebraucht, mee antëscht ass d’Famill gutt integréiert. Déi jonk Fra schwätzt verständlech Lëtzebuergesch awer och Arabesch, Englesch, gutt Franséisch an e bëssi Däitsch an huet zu Bagdad d’Uni gemaach.
Fir Lëtzebuergesch ze léieren, hätt si onbedéngt wollten e Benevolat maachen, erkläert si. Um Enn huet si dat iwwert ee Joer laang an enger Crèche gemaach. Vill vum Personal hätt Franséisch geschwat, mee mat de Kanner hätt si da Lëtzebuergesch geléiert, seet si mat engem Laachen.
Wéi dunn d’Nouvelle koum, dass d’Asyldemande vun der Fra ofgeleent gouf, huet d’Patronne vun der Crèche hier eng Hallefdaags-Plaz ugebueden. Den Affekot vun der Fra war der Meenung, e 40 Stonne-Poste wier nach méi favorabel fir awer nach eng positiv Äntwert op hier Asyldemande ze kréien. Och dat huet geklappt.
No dräi Joer an der Crèche hat si déi lescht sechs Méint do e Vollzäitjob (CDI). Genuch war dëst awer net fir den Immigratiounsministère. Dësen huet der Fra hire sougenannte rosa Pabeier ewechgeholl, deen hir erméiglecht, hei am Land ze schaffen. Ouni Pabeiere wier et hir dann och onméiglech, fir aus der Struktur vum ONA, wou d'Famill lieft, erauszekommen an eng aner Wunneng ze lounen.
Zum Ament vum Interview d’lescht Woch hat d'Famill dann och e Bréif vum ONA kritt, dass si d’Struktur misst bis Enn vum Mount verloossen. "Dat ass déi éischt Kéier, dass ech kee Plang B hunn”, huet d’Fra betount. Antëscht, just zwee Deeg virum Oflaf vun dëser Frist, koum dunn e Bréif, dass d’Famill bis op Weideres an der Struktur toleréiert wier. Ma fett an ënnerstrach steet och do, dass dës Decisioun kéint zu all Ament op en Enn bruecht ginn.
Zréck an den Irak kéint d’Famill op kee Fall, erzielt d’Fra. Hire Mann wier am Militär gewiescht. Ënner anerem well hien dëse verlooss hätt, wier géint hien e Mandat d'arrêt vu fënnef Joer ausgeschwat ginn. Vun dësem kéint si awer just eng Fotokopie virweisen, déi hei am Land net unerkannt géing ginn. "Ech jugéieren net, dass ech refuséiert gouf. Ech argumentéieren net doriwwer. Mee ech diskutéiere just iwwert d’Situatioun vu mengem Fils. Just dat”, seet d’Fra.
D’Méiglechkeete vun enger Regularisatioun
"D’Immigratiounsgesetz gesäit a bestëmmte Fäll eng Méiglechkeet fir eng Regulariséierung vir", schreift den Inneministère, dee fir d’Immigratioun responsabel ass op RTL-Ufro. Eng dovunner wier, wa Kanner op d'mannst véier Joer am Land scolariséiert wieren. Dobäi kënnt awer, dass d’Famill muss fir sech selwer opkomme kënnen. Also eng Aarbecht hunn, virweise kënnen, dass si probéiert huet, sech z’integréieren a sech net enger Mesure d’Eloignement ëntzunn hunn.
Souwäit RTL informéiert ass, treffen dës Konditiounen op d’Famill zou. Ma ouni déi néideg Pabeiere kann d’Fra hirer Aarbecht den Ament net nogoen an deemno och keen eegene Logement fannen.
Doriwwer eraus bleift eng weider Méiglechkeet fir eng Regularisatioun. Nämlech déi aus “considérations humanitaires d’une exceptionnelle gravité ou pour des motifs exceptionnels”. “An der Praxis gëtt et nach ëmmer d’Méiglechkeet vun enger ad hoc Regulariséierung”, schreift de Ministère dann och nach. Dës kann a bestëmmte Fäll spillen. Doriwwer eraus kënnt d’Direction général de l’immigration e puer mol am Joer mat der ASTI, dem CLAE an HUT zesummen, fir besonnesch schwiereg Fäll en Vue vun enger Regulariséierung ze beschwätzen.
Wat dann de Logement ubelaangt, géing verlaangt ginn, dass déi betraffe Persoun net méi an enger staatlecher Struktur wier, wa se hir Openthaltsgeneemegung krit. Et géing awer gekuckt ginn, e raisonnabelen Delai z’accordéieren fir eng Wunneng ze fannen.