"Et ass en Däiwelskrees, dee vum System selwer kënnt"

Illustratioun vun engem Bauaarbechter. / © AFP
Bei der ASTI a bei der Passerell kennt ee vill Situatiounen, wou Leit trotz wesentlechen Efforten an enger Aarbecht keng Openthaltsgeneemegung kréien.
Den Asylsystem hei am Land géing vu Leit benotzt ginn, déi eigentlech kee Recht op Asyl hunn, seet de Sérgio Ferreira, politesche Spriecher vun der Association de Support aux Travailleurs Immigrés (ASTI). Dëst wier esou, well et soss eigentlech keng legal Weeër géing ginn, fir an Europa ze kommen. Dëst wier awer net nozevollzéien, well Europa bräicht demografesch gesi Leit. Hei am Land géing et zum Beispill eng Penurie och bei onqualifizéierten Aarbechter ginn, wei an der Baubranche.
De legale Wee gesäit esou aus: Wann eng Persoun aus engem Drëttstaat wëllt an de Grand-Duché schaffe kommen, muss si en Aarbechtskontrakt (CDI) an e Kontrakt fir eng Wunneng zu Lëtzebuerg virleeë kënnen. Iwwert der Grenz wunnen däerf een dann nämlech net.
Eng bal onméiglech Viraussetzung fir d’Majoritéit vun dëse Leit. "D’Demande muss eigentlech gemaach ginn, ier een op Lëtzebuerg kënnt", preziséiert d’Clara Bertrand, Juristin bei der Passerell. Virdru wieren awer och Demanden akzeptéiert ginn, déi am Land gemaach goufen, mee dës géingen elo dacks refuséiert ginn – an dat trotz Aarbechtskontrakt.
Um Enn géing et an der Appreciatioun vum Ministère leien, ob eng Regularisatioun vum Statut gemaach gëtt, also op eng Persoun en Titre de Séjour kritt. Dëst géing eben ëmmer vu Fall zu Fall ofhänken. Viraussetzung wier awer, dass d’Persoun oder d'Famill e Logement huet, a genuch Ressourcen, erkläert d’Clara Bertrand.
Bei verschiddene Staatsbierger, wéi aus dem Irak, wier et esou, dass si an engem juristesche Flou hei am Land wieren. Et kéint ee si net zréckschécken, mä hir Asyldemande géing och net akzeptéiert ginn. "Et gëtt hinnen erlaabt, sech ze regulariséieren. Mä d’Gesetz gëtt strikt applizéiert, ouni d’Realitéit am Land ze consideréieren", seet d’Clara Bertrand a schwätzt vun der Logementskris.
Wa Persounen eng Demande als Travailleur salarié géinge maachen, wiere si schonn dacks aus hirer Logementsstruktur gehäit ginn, ier se eng Äntwert hätten. Dat géing dozou féieren, dass vill Famillje géinge fortgoen, ier se op der Strooss landen. Och doduerch, dass hir Aarbechtserlabnis, an domat och hir Aarbecht, ewechgeholl gëtt, wëll hier Asyldemande refuséiert gouf, verléieren déi Concernéiert all Méiglechkeet, sech ze regulariséieren. "Et ass en Däiwelskrees, dee vum System selwer kënnt", mengt de Sérgio Ferreira.
Asylprozedur fir Immigratioun
Fir vill Mënschen, besonnesch an onqualifizéierte Beruffer, wier d’Asylprozedur realistesch gesinn dacks deen eenzege Wee, fir an Europa ze kommen, mengt de Sérgio Ferreira. Ma dës wier awer net dorop ausgeluecht, dass déi Concernéiert séier op den Aarbechtsmarché kéimen.
E Problem gesäit de politesche Spriecher vun der ASTI doranner, dass Demandeurs de protection internationale (DPI) eréischt no sechs Méint schaffen dierften. Dëst wier dann awer och mat enger relativ schwéierer administrativer Prozedur verbonnen.
Doriwwer eraus misst de Patron eng Demande bei der Direction de l’immigration a bei der ADEM maachen. D’Resultat dovunner wier, dass déi Concernéiert extrem ofhängeg vun hirem éischte Patron wieren. "Wann et zu enger Entloossung oder engem Konflikt mam Patron kënnt, verléiert d’Persoun alles", ënnersträicht de Sérgio Ferreira. Ouni Aarbecht verléiert d’Persoun nämlech och méiglecherweis seng Openthaltsgeneemegung.
An ouni Openthaltsgeneemegung gëllt: keng Adress, keng Aarbecht, an ëmgedréint.
Dem Sérgio Ferreira no misst jidderee vun Ufank un eng Erlabnis hunn, fir kënnen ze schaffen. Virausgesat natierlech, d'Persoun géing eng vun de geleefege Landessprooche schwätzen – dëst fir proaktiv kënnen un der Integratioun ze schaffen. Et wier net realistesch ze mengen, dass no all de Joren an der Prozedur an an de Refugiésstrukturen Leit géingen direkt autonom ginn. Dëst wier ee vun de Grënn, wisou 40 Prozent vu Kapazitéite vun de Refugiésstrukture vu Refugiéë mat enger Openthaltsgeneemegung besat wieren.
D’Clara Bertrand vun der Passerell appelléiert dofir, dass de Mënschen, déi de Refugiésstatut hunn, besser gehollef gëtt, fir e Logement ze fannen amplaz, dass se op d’Strooss gesat ginn. Zu der Nofro, op d’Prozeduren am Land eventuell géingen ze laang daueren, an da Mënschen ausgewise ginn, déi sech jorelaang integréiert hu mengt si: "Technesch dierft et net esou laang daueren. Ech mengen et läit just um Chiffer vun de Mënschen, déi Asyl froen. Op de Geriichter huelen déi vill Fäll vill Zäit an. Anersäits gëtt et de Leit eng Chance, eng Aarbecht ze fannen, sech z’integréieren an d’Sprooch ze léieren." Doduerch géing dann d’Méiglechkeet vun der Regulariséierung bestoen.
Kafkaesk Situatiounen
Ëmmer nees géing och d’ASTI mat Mënschen a Kontakt kommen, déi all Effort gemaach hätten an awer e "Fouss hannebäi" kréichen. "Ech fäerten, mir ginn de Leit e falscht Signal", betount de Sérgio Ferreira. Am heefegste wier, dass et bei Leit, déi schaffen an esouguer eng Openthaltsgeneemegung hunn, zu Problemer kënnt duerch eng Krankheet oder enger Krankheet bei de Kanner. Well si da méiglecherweis eng Zäit net geschafft hunn, géinge si hir Openthaltsgeneemegung verléieren.
Zu der Méiglechkeet am Forum des ONG Familljen oder Persounen ze regulariséieren, seet de Sérgio Ferreira, dass dëst ënner ganz strikte Konditiounen zanter 2013 méiglech wier. Ma zanterhier wieren an deem Kader just eng 600 Persoune regulariséiert ginn.