Prett fir de Summer mam Institut Françoise
100% natierlech Produkter an eng kompetent Equipe
Institut Françoise, an der City Concorde, säit méi wéi 20 Joer e Begrëff.
Dank dëser jorelaangen Erfarung wëssen d’Françoise Clement an hir kompetent a sympathesch Equipe iech gutt ze beroden, a bidden iech Soinen un fir all Hauttyp.
Si sinn ëmmer um neiste Stand vun der Technik, an esou kënne si déi aktuellste Behandlungsmethoden ubidden a punkto Epilatioun an Ofhuelen, an dat souwuel fir Männer wéi och fir Fraen.
Ënnert der Philosophie ‘Fight for natural beauty’ schaffen si och nëmmen mat Marken déi 100% natierlech, nët invasiv a nët aggressiv zur Haut sinn.
A wann dir op der Sich sidd no engem ganz perséinleche Parfum, da fannt dir am Espace Boutique vum Institut Françoise eng exklusiv Selektioun vun aussergewéinleche Marken.
Rendez-vous all Dag Mëttes géint hallwer zwou hei op RTL, oder gläich op www.institut-françoise.lu, a Facebook. Tél: 45 20 47