E ganz ofwiesslungsräiche Programm mat Ausstellungen, Concerten, Musicals, Danz-Acts a villem méi!

Och an der Hierscht/Wantersaison bitt den Trifolion zu Iechternach nees eppes fir all Goût a fir e breede Public.

Vum Kannerprogramm iwwer Musicals bis bei Breakdance gemëscht mat Klassik, ass fir déi kommend Saison alles mat dobäi!

Den Detail vum Hierscht/Wanterprogramm vum Trifolion gëtt et dës Woch an eiser Rubrik Living all Dag kuerz virun 13.30 op RTL Radio Lëtzebuerg.

Ticketen ginn et op trifolion.lu oder luxembourgticket.lu.

10/09/2018 Living Méinden
11/09/2018 Living Dënschden
12/09/2018 Living Mëttwoch
13/09/2018 Living Donneschden
14/09/2018 Living Freiden