Dat ass de Jugendfestival 'On Stéitsch'
Organiséiert vum Service National de la Jeunesse, an de Rotondes zu Bouneweg
Bühn fräi heescht et gläich no der Rentrée bei Living. Mir sinn op Exploratioun culturelle an de Rotondes zu Bouneweg ënnerwee.
Et geet natierlech em de Festival 'On Stéitsch' organiséiert vum Service National de la Jeunesse .
Um Site vun de Rotondes zu Bouneweg, dem Centre de création artistique et de diffusion pluridisciplinaires gëtt awer wärend dem Festival 'On Stéitsch' vun allem gebueden. Vu Jugendhaiser, iwwer Jugendgruppen a Veräiner, mobiliséieren sech dëst Joer eng 20 Associatiounen fir de Jonken, wéi och de manner Jonken, hier Projeten mi no ze bréngen.
De Festival On Stéitsch an de Rotonden zu Bouneweg, dat ass dëse Samschdeg vun mëttes 2 bis Mëtternuecht. Den Entrée ass gratis. Méi Info op www.onsteitsch.lu